USAManner laang Isolatioun, fir Chaos a verschiddene Secteuren z'evitéieren

RTL Lëtzebuerg
An den USA gëtt d'Isolatioun bei enger Infektioun mam Coronavirus elo op d'Hallschent reduzéiert, wann ee keng Symptomer huet.

Dat nodeems et de Weekend zu Chaos an der Aviatioun koum, well d’Ekippen ausgefall sinn, an et e Risiko gëtt, datt dat och an anere Secteure geschitt.

Et muss een elo also nëmmen nach 5 an net méi 10 Deeg isoléiert bleiwen. Leit déi net geimpft sinn a Kontakt mat enger Persoun haten, déi sech mam Coronavirus infizéiert huet, mussen iwwerdeems och nëmmen nach 5 an net méi 14 Deeg a Quarantän. A béide Fäll kréien d’Leit recommandéiert, déi 5 Deeg no hirem Isolement oder hirer Quarantän eng Mask unzehalen, wa si anerer gesinn.

Back to Top
CIM LOGO