Debatt Vance géint WalzManner Theater, dofir méi Substanz

RTL Lëtzebuerg
An hirem éischten an eenzegen Debat vum amerikanesche Walkampf stounge sech e Méindeg den Owend déi zwee Kandidate fir d'Vizepresidentschaft géintiwwer.
© afp

De Kontrast tëscht de Präsidentschaftskandidaten hiren Debaten am Juni an August mat de Vize-Presidentschaftskandidaten hirem Debat an der Nuecht op e Mëttwoch hätt kaum kënne méi grouss sinn.

Den Demokrat Tim Walz an de Republikaner JD Vance waren héiflech mateneen, si hu sech net perséinlech attackéiert, an och keng Frechheeten een iwwert den anere gesot. Au contraire; si hu sech géigesäiteg Respekt gewisen. Vläicht läit dat dodrun, dass se allen zwee aus dem Midwest kommen, dem mëttlere Weste vun den USA, der Géigend tëscht de grousse Séien an de Südstaaten, tëscht der Ostküst an dem Westen, der Géigend déi oft ‘flyover country’ genannt gëtt, well d’Snobben, déi tëscht dem Atlantik an dem Pazifik hin an hier fléien, se nëmme vun uewe gesinn.

An d’Leit aus dëser Géigend hunn d’Reputatioun “Midwest nice” ze sinn, gentil a frëndlech. Mä och wann de 40 Joer alen JD Vance aus dem Ohio an de 60 Joer alen Tim Walz aus dem Minnesota wärend dem Debat ‘Midwest nice’ matenee waren, sou heescht dat awer net, dass si och politesch op enger Ligne sinn.

Ob et ëm d’Ekonomie, d’Immigratioun, d’Situatioun am Mëttleren Osten, Ofdreiwung, Gesondheetspolitik, Klimawandel, d’Waffegewalt oder d’Wunnengsnout gaangen ass, si hunn allen zwee stramm d’Politik vun hire Cheffe vertrueden a verdeedegt: Fir den JD Vance den Donald Trump a fir den Tim Walz d’Kamala Harris.

Si hunn dat glafwürdeg a sachlech gemaach a sinn iwwerzeegt an iwwerzeegend opgetrueden. Dobäi ass dat net ëmmer een einfache Spagat. Sou ass den Tim Walz net nëmme politesch méi konservativ wéi d’Kamala Harris, hien huet mussen de Bilan vun der Biden-Harris Administratioun vun de leschte bal 4 Joer verdeedegen, e Bilan mat deem hien esou gutt ewéi näischt ze dinn huet.

Den JD Vance huet sengersäits mussen en Donald Trump als President verdeedegen, vun deem hien nach viru 4 Joer gesot huet, hie wier inkompetent, eng Gefor fir d’Mënschheet an d’Demokratie, a seng Iddie wiere gehierlos.

Si hunn allebéid hir Aufgab esou gutt gemaach, dass souwuel den Donald Trump, wéi och d’Kamala Harris elo besser do stinn, wéi no hirem eegenen Debat.

Fir RTL, de Georges Zens aus den USA.

Back to Top
CIM LOGO