Éischt geimpfte BrittinMargaret Keenan krut hir 2. Dosis gesprëtzt

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien goufen en Dënschdeg déi éischt Persounen eng zweete Kéier geimpft.

“Mir si frou, d’Margaret Keenan haut nees an der Unisklinik Coventry begréissen ze dierfen”, sot de Spidolschef Andy Hardy.

Déi 91 Joer al Fra war den 8. Dezember déi alleréischt Brittin, déi op der Insel d’Piqûre gemaach krut.

D’Keenan ass donieft weltwäit déi éischte Persoun gewiescht, déi mam Vaccin vu Biontech/Pfizer no der Zouloossung geimpft gouf.

Bannent engem Ofstand vun 3 Woche muss eng Persoun déi 2 Dose vum Vaccin kréien, fir dass e wierkt. Am Laf vun de klineschen Tester koum eraus, dass den Impfstoff vu Biontech/Pfizer eng Wierksamkeet vu 95 Prozent hätt.

Back to Top
CIM LOGO