Den US-President Joe Biden huet en Donneschdeg ee weidere militäreschen Hëllefspak fir d’Ukrain an der Héicht vun 800 Milliounen US-Dollar ugekënnegt. Schwéier Artillerie, Munitioun an taktesch Drone sollen op séierstem Wee un d’Front am Donbass bruecht ginn. Westlech Geheimdéngschter hunn iwwerdeems déi westlech Alliéiert gewarnt, dass eng nei Well vu russeschen Cyberattacken z’erwaarde wier. Mariupol huet de russesche President Wladimir Putin mëttlerweil als russesch Victoire deklaréiert.
Fir de Kreml ass Mariupol ofgehaakt. De Wladimir Putin schwätzt an enger fir Kameraen inzeenéierter Reunioun vun enger Victoire. Et kléngt ewéi d’Matdeele vun enger batter néideger “gudder Noriicht” virum orthodoxen Ouschterweekend. Sengem Verdeedegungsminister Sergei Shoigu no wieren nach 2.000 ukrainesch Zaldoten am Azovstal-Wierk an eng ronn 1.000 Zivilisten. De Kremlchef huet den Uerder ginn, d’Stolwierk hermetesch ze blockéieren, “dass emol keng Méck erauskéim”. Azovstal steet weider ënner Artilleriebeschoss, soll awer net méi gestiermt ginn. Elo dierfte bannenan Liewesmëttel a Munitioun ausgoen an d’Leit si condamnéiert.
Moskau wëll sech op dat wichtegst Zil konzentréieren: d’Schluecht ëm den Donbass. De Kreml brauch eng aner, méi kredibel a symbolesch Victoire wéi Mariupol virum 9. Mee, dem Datum vun der Victoire vun der Rouder Arméi iwwert Nazi-Däitschland 1945 an der Militärparad zu Moskau all Joers.
Zu Mariupol an der Stad wieren nach 120.000 Zivilisten, déi bis ewell net fortkoumen an de Kelleren, sou e Spriecher vu Kiew. Vun de 90 Bussen, mat deenen d’Awunner sollten evakuéiert ginn, sinn der e Mëttwoch just 4 an en Donneschdeg 3 vun de russeschen Truppe fuere gelooss ginn. D’Leit goufe virleefeg an d’Hannerland op Zaporizhzhia a Sécherheet bruecht.
“Et war den Horror. Konstant Bombardementer. Et war héchstens Mol 10 Minutte Rou dertëscht”, seet eng Fra, déi mat hirem Bouf ënnerwee ass. Si haten Angscht an hätten de ganzen Zäit an engem Keller gesiess.
Bis ewell konnt déi ukrainesch Arméi eng séier Avance vun de russesche Panzer am Donbass verhënneren. Däitschland deet sech weiderhi schwéier mat konkrete Waffeliwwerungen. Elo huet een e sougenannten “Ringtausch” virgeschloen. EU-Partner liwwere Waffen un d’Ukrain, mat deenen d’Zaldoten do eens ginn a keng Formatioun brauchen an Däitschland géif deene Partner se ersetzen.
Spuenien an Dänemark hunn dem ukrainesche President Selenskiy en Donneschdeg méi onkomplizéiert Militärhëllef versprach. Bei der Visitt zu Kiev vun der dänescher Premierministesch Frederiksen an dem spuenesche Premier Sanchez goung et och kuerz fir Gespréicher mat Iwwerliewende vun der wochelaanger russescher Besatzung op Borodyanka, 30 Kilometer nordwestlech vun der ukrainescher Haaptstad.
