15. Dag KrichMariupol weider blockéiert, ukrainesch-russesch Gespréicher ouni Resultat

Petz Bartz
An der Tierkei koumen d'Ausseminister vu Russland an der Ukrain zesummen. Iwwerdeems och zu Versailles diskutéiert gëtt, geet de Krich an déi drëtt Woch.
De 15. Dag Krich an der Ukrain
Dat Wichtegst vum Dag zesummegefaasst vum Petz Bartz.

Update 19 Auer

D’Hallschent vun den 2,8 Milliounen Awunner hunn déi ukrainesch Haaptstad mëttlerweil verlooss fir sech a Sécherheet ze bréngen. Diplomatesch Gespréicher tëscht den Ausseminister vu Russland an der Ukrain sinn an der Tierkei ouni Resultat op en Enn gaangen. D’Attack e Mëttwoch op eng Maternité an e Kannerspidol zu Mariupol gëtt international als Krichsverbrieche verurteelt. De Resumé vum 15. Dag Krich an der Ukrain.

Am franséische Versailles gouf et en Donneschdeg en EU-Sommet, fir iwwer d’Situatioun an der Ukrain ze schwätzen. Och de Premier Xavier Bettel war vertrueden. Hien hätt all Dag Kontakt mam ukrainesche President Selenskyj an och mam russesche President Putin hätt de Premier een Telefonsgespréich ausgemaach. Um EU-Sommet goung och iwwert ee méiglechen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain rieds. Ukrainesch Hoffnungen op ee séiere Bäitrëtt goufen zu Versailles vun den EU-Memberen allerdéngs gedämpft.

Nach ëmmer keng Flucht fir d’Awunner vu Mariupol

Eng ganz russesch Kolonn Artillerie ass haut zu Brovary, westlech vu Kiew an en Hannerhalt geroden a konnt vum ukrainesche Militär neutraliséiert ginn. Eng gutt 40 Gefierer waren ënnerwee an Direktioun vun der ukrainescher Haaptstad.

Zu Mariupol geet déi humanitär Kris iwwerdeems weider. E puer honnertdausend Awunner sinn dem Roude Kräiz no weiderhi vu russeschen Truppen an der Stad blockéiert – ouni Liewesmëttel, Waasser, Stroum, medezinesch Versuergung oder Heizungen. En Hëllefsconvoi fir d’Stad huet ënnerwee misse wéinst Artilleriebeschoss ëmdréien. Bei der russescher Attack op e Kannerspidol e Mëttwoch waren dräi Persounen ëm d’Liewe komm a 17 goufen der verwonnt, sou de President Selenskyj en Donneschdeg de Moie fréi.

Den NATO-Partner Tierkei hat en Donneschdeg probéiert ze vermëttelen, mee bei de Gespréicher um Niveau vun de russeschen an ukraineschen Ausseminister Lavrov a Kuleba zu Antalya an der Tierkei koum net emol eng Wafferou fir en humanitäre Korridor zustanen. Moskau no wiere keng Patienten am Spidol zu Mariupol gewiescht an d’Gebai wier vun “ukrainesche Radikalen” besat gehale ginn. Zu Washington war ee paff iwwert déi russesch Ausrieden. Och wat de kuriéise Virworf, no 14 Deeg Krich, vu biochemesche Waffelaboen an der Ukrain ugeet.

“Déi russesch Beschëllegunge sinn absurd, si si lächerlech… An de Wierder vu mengem iresch-kathoulesche Grousspapp sinn et Topegkeeten. Et ass klassesch russesch Propaganda”, esou den John Kirby, Spriecher um Pentagon. De Pentagon huet awer och confirméiert, dass ee vum geplangten Don vu polnesche Kampffliger un d’Ukrain wéilt ofgesinn.

Vu London a Groussbritannien aus huet déi exiléiert wäissrussesch Oppositiounscheffin Swetlana Tichanowskaja e puer Wuert un d’ukrainesch Populatioun geriicht: “Fir d’éischt emol sinn ech voller Bewonnerung fir äre Courage an ech muss soen, dass dir elo net just d’Ukrain verdeedegt, mee déi ganz demokratesch Welt.” An zu Vilnius a Litauen huet d’Gemeng der Strooss, an där déi russesch Ambassade ass, e neien Numm ginn. Si heescht elo “Strooss vun den ukraineschen Helden”.

Update 7 Auer

Och um Mëttwoch gouf et hefteg Attacken. Nei Satellittebiller weisen zerstéiert Wunnhaiser zu Mariupol. Do schéngt d’Situatioun am Schlëmmsten ze sinn. Fir grouss Bestierzung suergen d’Reprochen, datt Russland do och eng Maternité attackéiert hätt. Um Donneschdeg kommen den ukraineschen an de russeschen Ausseminister beieneen. D’Erwaardunge virun deem Gespréich si limitéiert. Den tierkesche Chef-Diplomat Cavusoglu wëll vermëttelen, fir dass et zu enger dauerhafter Wafferou ka kommen.

Russland fuerdert jo op d’mannst eng Neutralitéit vun der Ukrain a wëll, dass d’Krim als russesch unerkannt gëtt, grad wéi och d’Separatiste-Regiounen Donezk a Luhansk.

Virun deem Rendezvous huet den amerikanesche President Joe Biden mam tierkesche President Erdogan telefonéiert.

D’Rettung vun Zivilisten aus de Géigenden, déi attackéiert ginn, kënnt nëmme lues virun. Eleng zu Mariupol sëtzen honnertdausende Leit fest ënner katastrophale Konditiounen.

Russland gëtt der Ukrain d’Schold fir d’Problemer bei der Evakuatioun, d’Ukrain beschëllegt Russland op d’Fluchtkorridoren ze schéissen.

Bannent 24 Stonne wäre 40'000 Leit aus verschiddene Géigenden eraus komm.

Déi International Atomenergie-Agence mécht sech Suerge wéinst dem Atomkraaftwierk Saporischschja, dem gréissten an Europa. Den Dag virdru war schonn d’Verbindung mat Tschernobyl ewech gebrach an elo och mat Saporischschja.

Op deenen zwou Plaze leie grouss Quantitéiten ofgebrannten oder frësch Brennstief.

Zu Tschernobyl ass de Stroum ausgefall. Dat wär awer net kriddeleg fir d’Sécherheet, seet d’Atomenergie-Agence, och wann déi Brennstief musse gekillt ginn.

Zu Versailles kommen um Donneschdeg a Freideg d’EU-Staats- a Regierungscheffen beieneen, fir iwwert den Ukrainkrich ze beroden an d’Suitten dovunner fir Europa. D’EU wëll jo méi onofhängeg vu russescher Energie ginn. Komplett ass et net méiglech, well verschidde Länner ze vill op russesche Gas oder Pëtrol ugewise sinn, dorënner och Däitschland.

Doduercher geréit Berlin awer an e moraleschen Dilemma, well een als Sanktioun géint Moskau, u sech fir en Import-Verbuet misst sinn. Genee dozou huet dann och Groussbritannien all G7-Staaten opgeruff, an och d’Ukrain huet direkt un d’Bundesregierung appelléiert, kee Gas, keng Kuel oder Pëtrol méi aus Russland ze kafen.

Um Sommet zu Versailles soll och driwwer berode ginn, ob d’Ukrain EU-Member kéint ginn. Et wéilt ee kee Fräifaartsschäin, heescht et dozou zu Kiew, mä eng laangfristeg Perspektiv.

Déi franséisch EU-Presidence wëll um Donneschdeg proposéieren dass d’Ukrain, an och Georgien a Moldawien méi enk un d’EU sollen erugefouert ginn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO