Russland huet e weidere Schrëtt am Ukrain-Krich geholl. E Samschdeg de Mëtteg goufen et eng Rei Explosiounen an der westukrainescher Start Lwiw, déi just 80 Kilometer vun der polnescher Grenz fort ass. Eng Stad, déi voll ass mat Flüchtlingen aus dem Rescht vun der Ukrain. E Journalist vun CNN schwätzt vun dräi Rakéiten, déi ageschloe wieren, dorënner eng nieft dem Fernsee- an Kommunikatiounstuerm vun der Stad. De Buergermeeschter vun Lwiw huet d‘Attack aus der Loft confirméiert an fuerdert d‘Bevëlkerung op, an de Schutzräim ze bleiwen. An Videoen op de soziale Reseaue gesäit e schwaarzen Damp iwwer der Stad.
Aktuell gëtt dann virun allem och an der Hafestad Mariupol deels hefteg gekämpft. Déi russesch Arméi attackéiert aus der Loft an mat Buedemtruppen. Et ass rieds vun Stroossekämpf.
Den amerikaneschen President Joe Biden ass den Ament iwwerdeems op Visitt a Polen an huet den Wladimir Putin de Mëtteg als “butcher” iwwersat „Metzler, Schluechter“ bezeechent.

