
Vun en Dënschdeg u géifen am ganze Land Razzien duerchgefouert, esou dem Trump säin designéierte Beoptraachte fir de Grenzschutz Tom Homan e Freideg géintiwwer Fox News. Antëscht géife Beamte vun der US-Grenzschutzpolice Sécherheetsübunge mat Stacheldrot a Bléck aus Bëtong un der Grenz mat Mexiko duerchféieren.
Den Hardliner Homan, fréiere Chef vun der Grenzschutzautoritéit ICE, huet sech op Fox News iwwer Meldungen, déi an de Medie sinn, geäussert. Deemno géif en Dënschdeg zu Chicago eng Razzia duerchgefouert ginn. Chicago wier awer just “eng vu ville Plazen” esou den 62 Joer ale Vertraute vum Donald Trump. Kee géif verschount ginn. “Wa si illegal am Land sinn, dann hu si e Problem”.
Den Homan war wärend dem Trump senger éischter Amtsperiod ee vun de Leit, déi déi ëmstridde Reegelung, datt illegal Awanderer vun hire Kanner getrennt solle ginn an d’Kanner eleng an e Lager solle kommen, ënnerstëtzt hunn.
Der “Washington Post” no sollen d’Razzien zu Chicago eng Woch daueren a bis zu 200 ICE-Beamte wieren am Asaz. D’Metropol am Mëttlere Westen huet sech de Status vun enger Stad, wou Leit ouni Pabeiere Schutz fannen, ginn.
De Policespriecher vun Chicago huet annoncéiert, datt déi lokal Police sech de Beamte vun der Bundesautoritéit net géif an de Wee stellen. D’Stad wäert awer keng Informatiounen mat der ICE deelen. Nieft Chicago hu sech nach keng aner vun den Demokrate regéiert State dozou geäussert, datt si eng Plaz wieren, wou Migrante Schutz géife fannen.
D’Autoritéite schätzen, datt ronn eelef Milliounen Awanderer ouni Pabeieren, fir an den USA dierfen ze bleiwen, an de Vereeneglte Staate liewen. Dem Trump seng Pläng, d’Leit ze expulséieren, kéint en direkten Afloss op 20 Millioune Familljen hunn. Fir “déi gréisst Expulsiounspläng an der Geschicht vun den USA” wëll de Rietspopulist den nationalen Noutstand ausruffen an d’Militär asetzen.
Wéi eng Journalistin vun der Noriichtenagence AFP e Freideg gesinn huet, gouf den Autosverkéier op enger internationaler Bréck tëscht der texanescher Stad El Paso an hirer mexikanescher Nopeschstad Ciudad Juarez wärend enger Übung vun Zoll- a Grenzschutzbeamte 40 Minutte laang ënnerbrach.
Wéi et aus de Büroe vum CBP, zoustänneg fir Zoll a Grenzschutz, zu El Paso heescht, géifen déi Übunge schonn zanter 2019 gemaach ginn. Mat hinne sollen d’Beamten deemno op méiglech Virfäll un der Grenz preparéiert ginn. Awunner vu Ciudad Juarez soen, datt d’Übungen elo virun der Vereedegung vum Donald Trump däitlech méi dacks duerchgefouert goufen.
D’Stad op der anerer Säit zu Mexiko ass fir Migranten, déi viru Aarmut, Gewalt oder politesch Instabilitéit an hiren Heemechtslänner fortlafen, déi Plaz, wou si probéieren, fir an d’USA anzereesen. Genau esou ass Ciudad Juarez eng offiziell Plaz, wou Migrante mat engem Rendez-vous kënnen hir Demande fir Asyl mat Hëllef vun enger App vun der US-Regierung areechen.
Den Trump hat de Fakt, datt d’Migranten an den USA ukommen, als “Invasioun” bezeechent an d’Migranten pauschal als “Krimineller” bezeechent.
E Samschdeg soll zu Washington eng “Anti-Trump-Demonstratioun” organiséiert ginn. Virun aacht Joer haten honnertdausende Leit bei änlechen Demonstratiounen deelgeholl. Dëst d’Kéier rechnen d’Autoritéiten awer mat just ronn 25.000 Leit. Fir e Sonndeg ginn dann dausende Supporter vum Trump an der US-Haaptstad erwaart. Fir den Dag vun der Vereedegung sinn e puer méi kleng Protester géint den dann neien US-President geplangt.
Aacht Joer no senger éischter Inauguratioun wäert den Trump e Méindeg eng weider Kéier als President vereedegt ginn. De 47. an der Geschicht vun den USA. Well awer extreemt kaalt Wierder gemellt ass, wäert d’Zeremonie zu Washington net wéi Üblech virum Kapitol sinn, mä an de Rotonde vum Kongress. Mat 78 Joer a siwe Méint ass de Republikaner den eelste President, dee jeemools vereedegt gouf.
Den Donald Trump huet annoncéiert, datt hie schonn um éischten Dag als President méi Verfügunge géif ënnerschreiwen, déi Mesurë vun der Regierung Biden géife réckgängeg maachen. Hie wëll ënner anerem d’Fërdere vu Pëtrol undreiwen a Supporter begnodegen, déi wéinst dem Stuerm op d’Kapitol 2021 verurteelt goufen.