Brienz an den AlpenMassive Fielsrutsch nieft Schwäizer Duerf an der Nuecht

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg koum et direkt beim Duerf Brienz zu engem gréissere Fielsrutsch, deen d'Uertschaft just knapps verfeelt huet.
© AFP/ARND WIEGMANN

Éischten Erkenntnisser no wier ee groussen Deel vum Hang mat grousser Vitesse erofgefall. Meldungen iwwer Schied um Duerf goufen et bis ewell net. De “Brienzer Rutsch” war sech scho méi laang erwaart ginn an d’Duerf war dowéinst schonn den 9. Mee virsiichtshallwer evakuéiert ginn. Brienz huet 84 Awunner a läit eng 50 Kilometer vu St. Moriz fort.

Wéi vill Prozent vun den insgesamt 1,9 Millioune Kubikmeter an der Nuecht op e Freideg tatsächlech gerutscht sinn, ass den Ament nach net kloer. Et dierf aktuell nach keen an d’Duerf eran. Biller vun der Plaz weisen awer, datt ee Groussdeel vun de labbere Schichte wéi et schéngt gerutscht ass.

Back to Top
CIM LOGO