Donald Trump verléisst WashingtonMataarbechter vum US-President "plëmmen" d'Wäisst Haus

RTL Lëtzebuerg
D'Wäisst Haus gëtt ëmmer méi eidel. Niewent dem Donald Trump verschwannen och seng Mataarbechter no an no, a mat hinnen och e puer Souveniren.
© RTL-Grafik

Ënnert anerem gesäit een op Biller um Twitter-Account vum CNN-Reporter Jim Acosta, dass zum Beispill e Bild vum Wirtschaftswëssenschaftler Peter Navarro matgeholl gouf. Hei gesäit een de chinesesche Staatspresident Xi Jinping zesumme mam Donald Trump am Gespréich.

De Navarro war bis zu Schluss Supporter vum Trump a stoung fir e strikte Wirtschaftsnationalismus, ironescherweis virun allem, wann et ëm China gaangen ass.

Dobäi ass et net bliwwen, och de Larry Kudlow, den héchste Wirtschaftsberoder vum US-President, gouf dobäi gefilmt, wéi hien d’Gebai mat enger Statu vum Abraham Lincoln verléisst.

An och en “dekorative” Fasan gouf vun enger Fra aus dem Wäissen Haus oftransportéiert.

De CNN-Korrespontent Jim Acosta betount, dass dës en ongewéinlecht Bild fir d’Enn vun enger Presidentschaft wier. Et misst ee verstoen, dass d’Géigestänn am Wäissen Haus keng “Give-Aways” sinn, déi een einfach sou kéint mat heem huelen.

Back to Top
CIM LOGO