
No dësem Tëschefall goufe véier weider Kéieren Ambulanzen ouni Grond vun der Police gestoppt an d’Mataarbechter menacéiert. Concernéiert vun der Suspensioun sinn d’MSF-Aktivitéite ronderëm d’Haaptstad Port-au-Prince.
Eng Lëtzebuerger Awunnerin, déi op Haiti d’Aktivitéite fir Médecins sans frontières koordinéiert, schwätzt vun enger dramatescher Situatioun op der Insel, wou d’kriminell Banden d’Soen hunn a quasi déi komplett Haaptstad kontrolléieren. D’Audrey Perl schwätzt vun Haiti als Paradäis, wou d’Leit d’Hell musse matmaachen.
“C’est vrai, depuis le 11 novembre, il y a eu une escalade de violence. En effet, une de nos ambulances a été attaquée, qui entraîne l’exécution de deux patients, mais aussi l’agression du personnel médical MSF. On est bien sûr triste de la situation. C’est sûr, parce qu’on sait que c’est des haïtiens qui vont en pâtir, parce qu’il reste déjà que 30 % de structures de santé dans tout le pays. Mais malheureusement, nos équipes médicales ne pouvaient plus donner les soins appropriés dans des conditions de sécurité optimales. C’est quelque chose auquel on était préparé. Mais ça reste bien sûr très naverant et très triste.”

MSF ass zanter 30 Joer op Haiti aktiv a geréiert Spideeler, Maternitéen an Gesondheetszentren, wou ënnert anerem grav Verbrennungen oder Affer vu sexualiséierter Gewalt traitéiert ginn. Eleng dëst Joer sollen eng geschat 4.000 Leit duerch Bandekriminalitéit ëmkomm sinn. D’lescht Woch hunn eng 20.000 Awunner Port-au-Prince wéinst der Gewalt verlooss.