A320 Dublin-RoumFluch wéinst Bommemenace ëmgeleet

AFP, iwwersat vun RTL
Déi franséisch Regierung mëllt en Donneschdeg alt nees rëm eng Bommedroung op engem Fluch.
Just Fligeren, déi aktuell an der Loft sinn, kënne vun de Fluglotse betreit ginn.
Symbolbild
© MANUEL ROMANO/NurPhoto via AFP

An de leschten Deeg gouf et eng Rei Bommemenacë géint verschidde Flich bannent Europa.

En Donneschdeg mellt déi franséisch Regierung, datt en Airbus op der Streck Dublin-Roum ëmgeleet gouf an zu Dévreux op enger Militärbasis gelant ass.

Dévreux läit eng 100 Kilometer südwestlech vun der franséischer Haaptstad Paräis. Déi 161 Passagéier a 6 Crew-Membere vum Airbus wieren a Sécherheet. Sprengstoffexperte sinn am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO