
De stellvertriedende Virsëtzende vum russesche Sécherheetsrot, leet verbal no a schwätzt eng Menace aus, nodeems de Mandat d’arrêt géint de russesche President Wladimir Putin ausgeschwat gouf.
“Et ass duerchaus méiglech, sech een Zenario virzestellen, an deem een an der Nordséi stationéiert russescht Schëff d’Geriichtsgebai zu Den Haag strategesch mat enger Hyperschall-Rakéit vum Typ Onyx treffe kéint”, esou de Medwedew. Weider warnt hien d’Riichter vum Internationale Strofgeriichtshaff, “suergfälteg an den Himmel ze kucken”. Donieft huet hien d’Geriicht nach “beschassen” genannt.