USAMéi Amerikaner duerch de Coronavirus gestuerwe wéi am Vietnam-Krich

RTL Lëtzebuerg
Dat mellt d'John-Hopkins-Universitéit. Bis en Dënschdeg den Owend sinn 58.365 Mënschen um Virus gestuerwen.

Wärend dem Vietnam-Krich sinn dem US-Nationalarchiv no 58.220 Amerikaner ëm d’Liewe komm.

D’USA si mëttlerweil dat Land, dat am schwéierste vun der Corona-Pandemie betraff ass. Bis heihinner konnten an den USA schonns iwwer eng Millioun Infektiounen nogewise ginn, dat ass ongeféier en Drëttel vun allen diagnostizéierte Fäll weltwäit.

Back to Top
CIM LOGO