Japan an TaiwanMéi streng Arees-Restriktiounen als Reaktioun op d'Omikron-Variant

RTL Lëtzebuerg
D’Opkomme vun der Omikron-Variant huet d’ganz Welt iwwert déi lescht Wochen an Alerte gesat.
A Japan gëllen streng Arees-Bestëmmungen.
A Japan gëllen streng Arees-Bestëmmungen.
© afp

Taiwan a Japan, déi aktuell relativ gutt do sti wat d’Fallzuelen ubelaangt, do mécht een alles, fir e Verbreede vun der Omikron-Variant ze verhënneren. Dat mat deels skurrille Mesuren a surrealen Erliefnisser fir déi Betraffen.

D’Entdeckung vun der extrem ustiechender Omikron-Variant huet weltwäit zu séiere Reaktioune gefouert. Vill Länner hunn Restriktiounen op d’Arees aus den ugangs betraffene Länner decidéiert, respektiv hir aktuell Mesurë renforcéiert, esou och a Japan an Taiwan.

Japan huet extrem séier reagéiert, ma dobäi net e ganz souveränen Androck gemaach. Quasi iwwer Nuecht huet d’Land Ufank Dezember seng Grenzen erëm zougemaach. Dat nodeems eréischt Ufank November nei Visae fir d’Arees ausgestallt goufen: fir Studenten, Businessleit a Stagiairen, ënnert anerem an der Landwirtschaft an den Aides et Soins.

Och hat d’Regierung d’Fluggesellschafte gefrot, fir keng nei Buchunge fir Flich a Japan unzehuelen, dat bis an d’neit Joer eran. Den Dag drop gouf déi Ufro awer erëm zréckgeholl. De Quota vu Leit, déi pro Dag an d’Land areese kënnen, ass weiderhin op 3.500 gedeckelt. Aktuell kënne just Japaner an Auslänner mat engem Permis de Residence areesen. Nei Visae ginn net méi ausgestallt.

Och muss elo jidderee fir dräi, sechs oder zéng Deeg Quarantän am Hotel maachen, jee nodeems, aus wéi engem Land se kommen, ier de Rescht Quarantän kann doheem gemaach ginn. Dëst huet zu engem akute Mangel u Quarantän-Zëmmere gefouert. Mam Resultat, dass d’Reesender fir hir Quarantän mat Charter-Fligeren an aner Stied geflu ginn.

Informatioune kréien d’Reesender just wéineg an och d’Personal um Flughafe schéngt schlecht informéiert. Fir vill eng grouss Iwwerraschung, wa si nach e weidere Vol mussen huele fir an hir Quarantän, dat no sëllege Kontrolle vun hiren Dokumenter an engem PCR-Test, wou si op d’Resultat waarde mussen. Vun der Landung bis an de Quarantän-Hotel kënne bis zu 12 Stonne vergoen, an deenen d’Reesender um Flughafe festhänken.

An Taiwan huet een dogéint déi aktuell Mesurë just renforcéiert. Zanter dem Ausbroch vun der Pandemie huet d’Land streng Quarantän-Reegelen. Jiddereen, deen an d’Land areest, muss fir 14 Deeg Quarantän maachen. Zanter Juli, als Reaktioun op e klenge lokalen Ausbroch duerch Mëssuechte vu Quarantän-Mesuren, sinn et 14 Deeg am Hotel.

Hotelszëmmere sinn aktuell awer extrem knapp, well vill Taiwanese wëllen an d’Land era fir dat Chineesescht Neijoer. Esou huet d’Regierung decidéiert, d’Quarantän-Mesuren ze adaptéieren. Jiddereen, deen an d’Land era kënnt, kann elo 14 Deeg am Hotel maachen, zéng Deeg am Hotel a véier Deeg doheem, oder siwen Deeg am Hotel a siwen Deeg doheem. Dëst ofhängeg vu sengem Impfstatus an dovunner, ob aner Leit am Haushalt wunnen.

Iwwerdeems huet e Cluster an engem Quarantän-Hotel fir Opreegung gesuergt. Insgesamt siwe Leit hate sech infizéiert. Si waren um nämmlechte Stack ënnerbruecht. Nodeems d’Enquête kee Feelverhale vun de Gäscht an den Employéë fonnt huet, geet een dovunner aus, dass et e Problem mat der Lëftung gouf. D’Regierung huet mat neie Mesurë reagéiert an esou mussen elo Leit, déi areesen, insgesamt sechs Tester iwwert eng Period vun 22 Deeg maachen, aus enger Kombinatioun vu PCR-Tester a Schnelltester.

Wéi gutt béid Länner duerch dës nächst Etappe vun der Pandemie kommen, wäerten déi nächst Woche weisen.

Back to Top
CIM LOGO