Kuerz virun der “State-of-the-Union"-Ried vum US-President Donald Trump am Kongress hat seng Fra Melania Trump en éischte Solo-Optrëtt. Hir goung et dobäi awer net ëm d’Erneiere vum “American Dream”. Si huet de sougenannte “Rachepornoen” de Kampf ugesot, dat heescht intim Biller oder Videoen, déi ouni Zoustëmmung vun de gewisene Persounen online gesat goufen.
Dës Aart Pornographie beschränkt sech awer net méi just op reell Opnamen, mä och op KI-generéiert Opnamen, also Deepfake-Pornographie. Dës géifen ëmmer méi e Problem duerstellen, well net méi just prominent Frae betraff wieren. Antëscht géife vill méi Fraen Affer vun esou Manipulatioune ginn.
Dëst wäit verbreet Mëssbrauch-Verhalen am digitale Beräich géif sech op dat deeglecht Liewen vun de Kanner, Familljen a Communautéiten auswierken. Dogéint misst een eppes maachen a besonnesch d’Kanner virun Online-Mëssbrauch schützen.
An deem Kader huet si sech dann och fir de Gesetzesentworf staark gemaach, deen d’Verëffentlechen an d’Verbreede vun esou Biller ouni Accord vun de Betraffenen zu engem Verbrieche mécht. Dat betrëfft och KI-Opnamen. Den “Take it Down Act“ soll deemno gréisser Plattforme verflichten, esou Opname vun hire Säiten erofzehuelen.
De Gesetzesentworf vum Senateur Ted Cruz an der demokratescher Senateurin Amy Klobuchar gouf virun dräi Wochen accordéiert a muss nach gréng Luucht vun den Deputéierten am Representantenhaus kréien an dat ass méi wéi warscheinlech och de Fall, wéi et aus Insider-Kreesser heescht.