US-WalkampfMelania Trump verdeedegt hire Mann géint Faschismus-Reprochen

RTL Lëtzebuerg
Dem Donald Trump seng Fra huet op d'Faschismus-Reproche géint hire Mann reagéiert.
© ANGELA WEISS AFP

Wéi si en Dënschdeg an engem Interview mat der Tëleeschaîne Fox sot, wier den Donald Trump net den Hitler. D’Vergläicher tëscht hirem Mann an dem NS-Diktator wiere fuerchtbar. Seng Supporter géifen hannert dem Donald Trump stoen, well si géife wëllen, dass Amerika erfollegräich wier an et géif ee gesinn, wéi vill Ënnerstëtzung hien hätt.

Déi fréier First Lady huet sech bis ewell gréisstendeels aus Walkampf vun hirem Mann erausgehalen an ass nëmme seelen u senger Säit opgetrueden.

Dem Trump säi fréiere Stabschef John Kelly hat rezent an engem Interview mat der New York Times gesot, dass den Ex-President sech a senger Zäit am Amt e puer Mol positiv iwwert den Adolf Hitler geäussert hätt. Den Trump wier och e Politiker, deen der “allgemenger Definitioun vun engem Faschist” géif entspriechen. Den Ex-Generol Kelly war vun 2017 bis 2019 dem Trump säin éischte Stabschef am Wäissen Haus.

Nieft dem John Kelly sengem Interview hunn och dem Donald Trump seng rezent Aussoe vun engem Feind bannent den USA, deen ee mat der Nationalgard oder dem Militär misst bekämpfen, Ängschten, opbruecht, dass hien eng autoritär Regierung ustriewe kéint, sollt hie gewielt ginn.

Back to Top
CIM LOGO