OSZEMënschenhandel ass dramatesch an d'Luucht gaangen

RTL Lëtzebuerg
Duerch de Krich an der Ukrain sinn d'Fäll vu Mënschenhandel staark geklommen, wéi d'Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa matdeelt.
© AFP

Der OSZE no ass déi weltwäit Online-Sich no sexuellen Déngschtleeschtunge a pornografeschen Duerstellungen duerch ukrainesch Fraen a Kanner zanter dem Ufank vum Krich ëm bis zu 600 Prozent geklommen. “Och den Handel mat schwangere Fraen ass zanter dem Ufank vum Krich däitlech geklommen”, sot d’OSZE-Generalsekretärin Helga Maria Schmid der “Welt”.

D’Affer vu Sexualdelikter géifen am Internet mat falsche Verspriechunge gelackelt ginn, a privaten Hebergementer mëssbraucht oder awer direkt un der Grenz vu verdeckt schaffende Mënschenhändler ofgefaange ginn. “Dacks ass déi organiséiert Kriminalitéit am Spill. Dës skrupellos Krimineller treffen dann op Mënschen, déi hëllefsbedierfteg sinn, Geld verdénge mussen, d’Sprooch am neie Land net schwätzen an dacks och vum Krich traumatiséiert sinn”, esou nach d’Helga Maria Schmid.

De weltwäite Mënschenhandel hätt zougeholl a manner wéi ee Prozent vun den Affer kéinten iwwerhaapt nëmmen ermëttelt ginn. Et géif also fir Mënschenhandel gréisstendeels Stroffräiheet fir d’Täter ginn, bedauert d’OSZE-Generalsekretärin.

Back to Top
CIM LOGO