
De Coronavirus hätt sech extrem séier kënne verbreeden, an zum Gléck wier de Mortalitéitstaux awer nach relativ niddreg, sot den WHO-Direkter Michael Ryan.
D’Mënschheet misst sech preparéieren, fir de Fall wou eppes kënnt, wat nach méi schlëmm wier, sot de Ryan wuertwiertlech. Hien gesäit d’Welt-Communautéit net gutt genuch virbereet.
D’Corona-Kris kéint a sollt dofir als Ustouss gëllen, d’Gesondheetssystemer vill besser op ze stellen.