SpuenienMilitär soll trotz dem ville Schnéi weider d'Impfstoffer ausliwweren

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell goufen a Spuenien iwwer 500 Stroosse geraumt, dat nodeem een de schlëmmste Schnéichaos an de leschte 50 Joer hat.
© AFP

D’Militär hëlleft dann och beim Raume vun de Stroossen, haaptsächlech déi, déi wichteg sinn, fir Liewensmëttel ze liwweren respektiv fir bei d’Spideeler ze kommen.

Vum Inneminister Fernando Grand-Marlaska heescht et dann och, datt d’Regierung beméit wier, fir datt d’Impfstoffer vu Biontech/Pfizer wéi geplangt kënnen e Méindeg un déi regional Gesondheetsautoritéite ausgeliwwert ginn. Ma aktuell sinn nach ëmmer eng 150 wichteg Stroossen net ze befueren.

D’Autoritéiten hunn d’Populatioun opgeruff, doheem ze bleiwen. Dat och, well d’Temperature solle bis op -14 Grad erofgoen.

De Stuermdéif “Filomena” huet de ganze Schéi a Spuenien bruecht an ass am Moment ënnerwee a Richtung Osten.

Back to Top
CIM LOGO