
“Ech halen dat éierlech gesot fir irresponsabel, bei esou Virus-Inzidenzzuelen ze lackeren”, sou den Tobias Hans am Gespréich mam “SR”.
Am “Saarländischen Rundfunk” huet de Lëtzebuerger Ausseminister reagéiert a gesot: “Mir wëllen zu Lëtzebuerg keen extra Wee aschloen an och kee provozéieren”. De Jean Asselborn huet un d’Ausgangsspär an déi strikt Reegelen an de Geschäfter hei am Land erënnert. Vun Onstëmmegkeete mam Saarland wëll hien näischt wëssen. Eng gemeinsam ofgestëmmte Linn a puncto Lockdown wär an der EU wënschenswäert, mä da misst ee warscheinlech bis 2050 waarden.
En Dënschdeg gouf jo annoncéiert, dass zu Lëtzebuerg d’Butteker an d’Kultur- a Fräizäitariichtungen ënner bestëmmte Konditiounen nees dierfen opmaachen. De Couvre-feu gëllt nees vun 23 Auer un amplaz vun 21 bis 6 Auer. An de Schoule geet een nees iwwer an de Presenzunterrecht. Den Horesca bleift weiderhin zou an och d’Kontaktaschränkungen änneren net.
En Dënschdeg gouf an Däitschland de Contraire decidéiert, dëst gëllt och am Saarland. D’Moossname goufen do bis den 31. Januar verlängert an d’Kontaktaschränkungen nach emol verschäerft op just nach Treffe vu Leit bannent dem eegene Stot a maximal enger Persoun, déi net mat am Stot lieft. Bis ewell konnt ee sech zu maximal 5 Persounen aus zwee Stéit treffen.