
Kuerz no 18 Auer waren d’Pompjeeë vu Spremberg an den Noutdokter an de Wandpark Spremberg geruff ginn. Wéi et vum Kontrollzenter Lausitz heescht, war e Monteur bei Maintenanceaarbechten op engem Wandrad zesummegebrach an un engem Häerzstëllstand gestuerwen.
Éischten Informatiounen no waren d’Aarbechter zu dräi mat der Maintenance vum Wandrad beschäftegt. Et wier schonn däischter gewiescht, wéi ee vun den Aarbechter uewen an der Gondel gesondheetlech Problemer krut. Seng Kolleegen hätten nach probéiert, hien ze reaniméieren, wéi et vun engem Spriecher vum Kontrollzenter zu Lausitz heescht. Deemno hätt e Mataarbechter vum Zenter ee vun de Monteuren duerch d’Häerz-Longe-Massage geleet. Ma den Aarbechter hätt net iwwerlieft.
Iwwer de Lift vun der Anlag hätten d’Rettungsdéngschter de 40 Joer ale Mann kënne biergen an no ënne bréngen. Et hätt sech ëm en aussergewéinlechen Asaz fir d’Rettungsekippe gehandelt, esou de Kontrollzenter. Et wier schwiereg gewiescht, de Mann z’erreechen. Am Wandrad géing et zwar eng Aart Lift ginn, dëse brauch awer 11 Minutten, fir d’Héicht vun 142 Meter z’erreechen. Mat engem Helikopter wier et wéinst dem Wieder net gaangen.