Persona non grataMorgan Freeman a Mark Zuckerberg net méi wëllkomm a Russland

RTL Lëtzebuerg
Russland huet en Areesverbuet géint weider US-Bierger decidéiert. Dorënner Politiker, Promien an esouguer eng Persoun, déi zanter e puer Joer dout ass.

Den Ausseministère zu Moskau huet e Samschdeg eng Lëscht mat 963 Nimm verëffentlecht. Nieft dem US-President Joe Biden an dem Ausseminister Anthony Blinken an dem Verdeedegungsminister Lloyd Austin stinn och Nimm wéi Morgan Freeman a Mark Zuckerberg drop.

Verwonnerlech ass, dass nieft enger Partie Regierungsvertrieder an Deputéierten och den Numm vun enger verstuerwener Persoun steet. De fréiere Senateur John McCain dierf net méi a Russland areesen. Hien ass allerdéngs schonn am Joer 2018 un engem Gehiertumor gestuerwen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO