Donnéeën aus 44 Länner ausgewäertMortalitéitstaux 5 Mol méi héich a Staaten ouni Maskeflicht

RTL Lëtzebuerg
Ënnersicht gouf d'Zäitspann tëscht dem 15. Februar an dem 31. Mee 2020, well an all den ënnersichte Länner änlech Restriktioune gegollt hunn.

Iwwerdeems um Ufank vun der Pandemie Politiker a Wëssenschaftler hëtzeg iwwert d’Wierksamkeet vum Mond- an Nueseschutz debattéiert hunn, sinn d’Zesummenhäng tëscht dem Infektiounsgeschéien an de Gesiichtsmaske ronn zwee Joer méi spéit duerch eng Partie Etüde méi kloer ginn. De Mask ass e wichtegen Outil am Kampf géint Covid-19. Wéi een Impakt de Mask op d’Stierflechkeet huet, wollte Fuerscher vun engem schweedeschen Team erausfannen.

Enger rezent Studie vun der Universitéit Lund no wier de Mortalitéitstaux a Länner ouni Maskeflicht fënnef Mol méi héich ausgefall, wéi a Länner mat Maskeflicht. D’Fuerscher hunn an deem Kader Donnéeën aus 44 ënnerschiddleche Staaten ënnersicht. Et ass eng vun deene gréissten Etüden, déi dozou bis elo gemaach gouf. Eng ganz Rei Faktoren, wéi zum Beispill den duerchschnëttlechen Alter vun der Populatioun oder och nach d’Zuel vun den Intensivbetter goufen aus der Etüd erausgerechent, fir verfälschte Resultater z’evitéieren.

A 27 vun den ënnersichte Länner war de Mond- an Nueseschutz a verschiddene Beräicher obligatoresch. Zu den ënnersichte Staaten zielen nieft Lëtzebuerg och Bahrain, Däitschland, Estland, Griicheland, Hongkong (China), Island, Irland, Israel, Japan, Lettland, Litauen, Malta, Éisträich, Oman, Polen, Portugal, Katar, Russland, Singapur, Slowakei, Slowenien, Südkorea, Tschechien, Ungarn, déi Vereenten Arabesch Emirater an Zypern.

Da goufen nach 17 Länner ënnert d’Lupp geholl, an deenen et bis zum 31. Mee 2020 nach keng groussflächeg Maskeflicht gouf: Andorra, Belarus, Belsch, Brunei, Dänemark, Finnland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Kroatien, Liechtenstein, Holland, Norwegen, Saudi-Arabien, Spuenien, Schweden a Schwäiz.

An deene 44 Staate si wärend dem Fuerschungszäitraum 2.167.664 Millioune Leit um oder mam Coronavirus gestuerwen. 913.907 vun hinne sinn a Regioune gestuerwen, an deenen et eng Maskeflicht gouf. De Wëssenschaftler no sinn hei am Schnëtt 48,40 Leit pro 1 Millioun Awunner verscheet.

An de Länner ouni Maskeflicht war de Mortalitéitstaux fënnef mol méi héich: Am Schnëtt goufen et hei 288,54 Covid-Doudesfäll op 1 Millioun Awunner gezielt. An dëse Länner sinn am gläichen Zäitraum 1.253.757 Mënsche gestuerwen, obwuel dës Staate manner Awunner zielen.

Back to Top
CIM LOGO