IranMoscheeë solle plazeweis nees opgoen

RTL Lëtzebuerg
De President Hassan Ruhani huet ugekënnegt, dass verschidde Moscheeë vun e Méinden un nees Gleeweger kéinten eraloossen.

Dat gëllt fir Bezierker, an deenen d’Infektiounen niddereg sinn. An de Moscheeë sollen awer streng Sécherheetsmoossnamen gëllen. De Ruhani huet präziséiert, dass d’Hygiène an d’Distanz Prioritéit hätten. Den Iran gehéiert mat méi wéi 6.100 Doudesaffer wéinst dem Covid-19 zu deenen Länner, déi am schwéierste vun der Pandemie betraff sinn. Teheran mellt mëttlerweil 96.000 confirméiert Infektiounen. D’Donkelziffer dierft awer däitlech méi héich leien.

Back to Top
CIM LOGO