
Knapp annerhallwe Mount no de Parlamentswale gëtt et nach ëmmer keng Regierung an Éisträich. Nodeems all d’Parteien eng Zesummenaarbecht mam Gewënner vun de Walen, der riets-nationaler FPÖ ënnert hirem Chef Herbert Kickl, refuséiert haten, krut déi zweetstäerkste Fraktioun, d’riets-konservativ ÖVP den Optrag zur Regierungsbildung. Am Laf vun dëser Woch hu sech, no intensive Virgespréicher, d’ÖVP, d’Sozialisten an déi liberal NEOS zu Gespréicher getraff. En Donneschden hu si vu “konstruktive Gespréicher” geschwat a sech zouversiichtlech ginn, am Laf vun der nächster Woch Léisunge fir eng Zesummenaarbecht ze fannen.
Gläichzäiteg muss sech d’riets-national FPÖ elo scho mat enger sëllegen Affäre beschäftegen. De Walter Rosenkranz gouf éischte President vum Parlament an ass an dëser Funktioun och Chef vum éisträichesche Fonds fir d’Affer vum Nationalsozialismus. Als Member vun enger däitsch-nationaler Burschenschaft gouf hien ugangs des Mounts allerdéngs vu jüddesche Studenten dru gehënnert, an Erënnerung vun den Affer vun der sougenannter “Reichskristallnacht” e Kranz nidderzeleeën. Elo préiwen déi Gréng d’Méiglechkeet, d’Verfassung ze änneren an domat de Rosenkranz aus dësem Amt ze kréien.
Och de Chef vun der FPÖ, den Herbert Kickl ass an der Bredouille. De Wirtschafts- a Korruptiounsstaatsparquet huet en Donneschdeg beim Parlament eng Demande zur Ophiewung vu senger Immunitéit agereecht. Am Raum steet de Reproche, de Kickl hätt an enger parlamentarescher Enquêtëkommissioun am Fréijoer e puermol gelunn. Hie stoung allerdéngs ënnert der Flicht, d’Wouerecht ze soen. Fir weider Investigatioune muss fir d’éischt seng parlamentaresch Immunitéit opgehuewe ginn.
Déi gewinnte politesch Aarbecht an Éisträich geet den Ament also och ouni Regierung weider.