Dat hat seng Auswierkungen, quasi op der ganzer Welt. 2024 gëtt e Virgeschmaach op eng Welt mat enger dauerhafter Duerchschnëttstemperatur vun 1,5 Grad iwwert dem Niveau vu virun der Industrialiséierung. Iwwerschwemmungen, Wierbelstierm an extreem Dréchent suergen dobäi fir Schied a Milliardenhéicht.
Et ass bal 10 Joer hier, datt Regierunge weltwäit sech mam Paräisser Klimaofkommes engagéiert hunn d’Klimaerwärmung op “däitlech ënner 2 Grad” ze begrenzen. Trotzdeem produzéiert de Mënsch 2024 esou vill CO2 ewéi nach ni virdrun. Berechnunge vun de Global Carbon Projetcs no klammen déi fossil Emissioune weltwäit fir 2024 ëm 0,8 Prozent par Rapport zum Joer virdrun.
Zanter dem Ufank vun den 1980er Jore klëmmt d’Quantitéit vu Joer zu Joer op allkéiers en neien Héchststand. Mat enger kuerzer Paus wärend der Pandemie an der Finanzkris. D’Klima-Recherche weist, datt all Brochdeel vun engem Grad, deen déi global Temperatur eropgeet, de Risiko fir extreem Wiederkonditioune exponentiell matklëmmt. D’Konsequenze fänke mer och un an Europa ze spieren, esou de Lëtzebuerger Klimatolog Andrew Ferrone:
“De Klimawandel ass esou wäit weidergeschratt, datt een déi eenzel Evenementer vun de leschte Jore kann op de Klimawandel zeréckféieren. Hei gesäit een zum Beispill Temperaturen, extreem Temperaturen, gi méi staark an d’Luucht ewéi déi normal. Ëm 50 Prozent ronn. D’extreem Nidderschléi klammen. D’Loft kann duerch d’Erwäermung méi Fiichtegkeet ophuelen. Gläichzäiteg ginn awer Dréchenten an d’Luucht.”
2024 ass d‘Joer vun de weltwäite Wiederextreemer. Am Abrëll provozéiert d‘Wieder Héichwaasser am Pakistan an Afghanistan. Den traurege Bilan: iwwer 1.000 Doudeger. E Mount méi spéit ginn an Indien nei Hëtztrekorder gemooss. 52,9 Grad Celsius gi Mëtt Mee an engem Viruert vun Delhi enregistréiert. Souguer jonk Leit gi mat engem Hëtzschlag an d‘Klinik ageliwwert. Ongeféier déi nämmlecht Zäit triede Flëss am Süde vun Däitschland iwwert hir Uferen. Dat nämmlecht geschitt e puer Woche méi spéit och nach emol a Polen an Tschechien.
D‘Philippinnen an de Vietnam gi vum Jagi getraff. E Wierbelstuerm vun der héchster Stuf. Iwwer 800 Mënsche kommen ëm d‘Liewen. An den USA fuerdert den Hurrikan “Helena“ 600 Doudesaffer – a fuerchtbare Misär. Um Enn vum Joer ass et dann nach emol de Schock a Süd-Spuenien – mat engem Héichwaasser an op d‘mannst 200 Doudegen.
“Et ass ganz kloer, datt mer an den nächsten 20 Joer déi 1,5 Grad Erwiermung wäerten erreechen. Da seet de Weltklimarot zum Beispill, datt d’Hëtztwelle sech wäerte verduebelen. Se ginn ëm 1,5 Grad méi waarm ewéi dat am 19. Joerhonnert de Fall war. Och d’extreem Nidderschléi wäerten zouhuelen. Déi wäerte sech bis an 20 Joer verdräifachen. Och mir mussen eis op méi Extreemer astellen.”
D’Zil bleift also, déi 1,5 Grad vum Paräisser Ofkommes net dramatesch ze iwwerschreiden. Aktuell läit een an der Moyenne bei enger Erwiermung vu 1,2 Grad – och wann et dëst Joer déi éischte Kéier ass, datt déi 1,5 Grad par Rapport zum pre-industrielle Niveau geknackt goufen.