Äerdbiewen an der Tierkei a SyrienNees konnten 3 Persoune gerett ginn, Bilan vun Doudesaffer klëmmt op 45.000

RTL Lëtzebuerg
Och zwou Woche nom Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien ginn ëmmer nach Leit lieweg aus den zerstéierte Gebaier gebuergen.
© AFP

An der tierkescher Stad Antakya sinn um Samschdeg dräi Persounen vun de Rettungsekippe fonnt ginn, dorënner ee Kand. Dat mellt déi lokal Noriichtenagence Anadolu.

D’Zuel vun den Doudesaffer ass iwwerdeems op 45.000 Leit geklommen.

Hëllefsorganisatiounen uechter d’Welt hu Spendenopriff gestart, fir de Leit Hëllef z’erméiglechen.

Back to Top
CIM LOGO