
Déi potentiell nei Koalitiounsparteien och wierklech zu Partner ze maachen, dierft mat vill Verhandlungen verbonne sinn.
Bis ewell stoungen sech d’Fënnef Stäre Beweegung an d’sozialdemokratesch PD als politesch Géigner géintiwwer.
Zwee Deeg laang sollen d’Negociatiounen daueren, an schonn nächst Woch soll de Conte dem President Sergio Mattarella seng Regierung presentéieren. Mee och d’Besetzung vun de Ministerposten kéint tëscht béide Parteie fir Sträit suergen. Fest steet aktuell just, datt de Conte weider Ministerpresident bleiwe soll.