ChinaNei Ausgangsspär an enger Groussstad wéinst engem eenzege Covid-Fall

RTL Lëtzebuerg
China féiert erëm méi streng Covid-Restriktiounen an. D'Leit an d'Ekonomie musse sech upassen.
© AFP/Hector RETAMAL

Honnertdausende Leit hunn en Dënschdeg net dierften hir Haiser verloossen, nodeems een eenzege Fall vu Covid-19 an der Stad Wugang am Süde vu China identifizéiert gouf. Beijing weist iwwerdeems keng Unzeechen, hir Restriktiounen ze labberen.

China ass déi leschte grouss Ekonomie, déi guer keng Covid-Fäll toleréiert. D’Autoritéiten zécken net, nei Ausgangsspären a Rees-Restriktiounen anzeféieren, trotz wuessender Onzefriddenheet vun de Leit an ekonomesche Schied.

No engem rezente Covid-Fall däerf also kee vun den 320.000 Awunner vu Wugang aus dem Haus an dat bis en Donneschden. Essentiell Gidder géife vun de lokalen Autoritéite virun d’Dier bruecht ginn.

Déi betraffe Stad ass d’Doheem vun enger vun de gréisste chineesesche Stol-Firmen, déi an Amerika, Japan an an aner westlech Ekonomien exportéiert.

Aner Stied mussen och a Quarantän goen

D’Nopeschstad Zhumadian, wou mëttlerweil 7 Millioune Leit wunnen, huet en Dënschdeg annoncéiert, nodeems zwee Leit positiv getest goufen, datt eng änlech dräi Deeg laang Ausgangsspär agefouert misst ginn.

Bal 250 Millioune Leit a China sinn elo op déi eng oder aner Manéier beschränkt wéinst dem Virus - méi wéi duebelt esou vill, wéi d’lescht Woch.

Och zu Shanghai gëtt gefaart, datt méi streng Mesurë musse geholl ginn.

Lëtzebuerg

An e puer Länner, wéi Éisträich, Monaco a Kosovo, probéieren d’Autoritéiten, mat e puer Restriktiounen de Virus ënner Kontroll ze halen. Mä d’Omikron-Variant verbreet sech séier an d’Länner hu Schwieregkeeten domat, d’Fäll ze reduzéieren.

Hei zu Lëtzebuerg sinn d’Covid-Fäll der Regierung no ëm 28 Prozent geklommen an der leschter Woch - 5.741 Fäll déi Woch eleng. Mä et gëllen den Ament nach keng aner obligatoresch Mesuren, ausser de Masken an de Spideeler a Fleegeheemer.

Back to Top
CIM LOGO