Lockdown an Däitschland verschäerft a verlängertNei Beweegungsaschränkungen an d'Schoule bleiwen zou

RTL Lëtzebuerg
U sech sollt de Lockdown an Däitschland bis den 10. Januar daueren. Wéinst den héijen Infektiounszuele ginn d'Moossnamen bis den 31. Januar verlängert.

Bund a Länner hu sech dorop gëeenegt, déi aktuell streng Corona-Mesuren, déi den Ament an Däitschland gëllen, ze verlängeren an ze ergänzen. De Lockdown gëtt deemno verlängert an d’Mesurë gi méi streng.

Privat Rassemblementer si just nach am Krees vun de Familljememberen aus dem eegene Stot a mat maximal enger weiderer Persoun, déi net am Stot lieft, erlaabt. De Beweegungsradius a Landkreesser mat héijen Infektiounszuelen gëtt op 15 Kilometer ëm de Wunnuert begrenzt ginn. Gëlle soll dës Mesure fir Landkreesser mat enger Siwen-Deeg-Inzidenz vun iwwer 200 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner. Betraff sinn den aktuellen Zuele vum Robert Koch-Institut no 67 Landkreesser. Méi wäit ewéi 15 Kilometer vum Wunnuert ewech beweegen, däerfe sech just Persounen, déi e wichtege Grond hunn. Ausflich fir en Dag gehéieren net dozou. Do huet d’Bundeskanzlerin besonnesch déi vill Ausflich an d’Wantersport-Regiounen an de leschten Deeg ugeschwat.

Schoulen a Crèche bleiwe grondsätzlech zou. Et gëtt awer eng Noutfall-Betreiung séchergestallt a Léieren op Distanz ugebueden. Fir d’Ofschlossklasse gëllen extra Reegelen. Fir Elteren, déi vun de Fermeture betraff sinn, kréie fir d’Betreie vun hire Kanner bezuelte Congé.

Och fir Mënschen, déi aus Risikogebidder am Ausland zeréckreesen, ginn et nach emol verschäerfte Moossnamen. Vum 11. Januar un muss een net nëmmen an eng Quarantän vun 10 Deeg, ma sech och 48 Stonnen virun oder direkt no der Arees op de Virus teste loossen. D’Quarantän kann duerch en zweeten test nom 5. Dag gekierzt ginn, falls den Test negativ ass.

D’Bundesregierung huet an Tëscht ronn 150 vun de ronn 200 Länner weltwäit zu Corona-Risikogebidder erkläert a warnt viru Reesen dohin. An Europa gëtt et kaum nach eng Regioun, déi net als Risiko agestuuft ass.

De 25. Januar sollen d’Bundeskanzlerin Angela Merkel an d’Ministerpresidente vun de Länner nees zesummekommen.

Kritik u Lëtzebuerger Corona-Strategie aus Däitschland
Am Géigesaz zu Lëtzebuerg huet Däitschland decidéiert, fir de Lockdown ze verlängeren an d’Mesuren ze verschäerfen.

Back to Top
CIM LOGO