DäitschlandNeien Héchstwäert bei den Doudesaffer bannent 24 Stonnen
An Däitschland bleift d'Corona-Situatioun ganz ugespaant. Bei den Doudesaffer gouf et en neie Rekordwäert mat 962 Doudegen bannent 24 Stonnen.
Dernieft waren et bal 25.000 Neiinfektiounen.
Vun de Gesondheetsautoritéiten ass et den urgenten Appell, Kontakter mat anere Persounen op dat Néidegst ze reduzéieren.