
Och bei de Neiinfektiounen ass bei eisen Noperen op der 7-Deeg-Inzidenz en neie Pic erreecht ginn, mat 149 Fäll pro 100.000 Awunner.
De Ministerpresident aus Nordrhein-Westfalen plädéiert fir e Verschäerfe vun de Restriktiounen fir d’Zäit no de Chrëscht-Feierdeeg. Et bréicht een e Lockdown iwwert de Joreswiessel, fir sech fir 2021 eng konkret Perspektiv ze ginn.