
Versich hätte gewisen, dass ifizéiert Frettche schonn no 24 Stonnen net méi ustiechend gewiescht wieren. Fuerscher hoffen elo op en Duerchbroch am Kampf géint de Coronavirus. Klinesch Etüde lafe schonn, obschonn den éischte Vaccin geschwë soll an den Asaz kommen. Ma bis de Gros vun de Leit geimpft ass, dierft de Virus och d’nächst Joer nach zirkuléieren.
Aner Medikamenter wéi Remdesivir weise jo manner Wierkung. Dexamethason hätt sech als nëtzlech gewisen, dat awer méi bei scho schwéier kranke Patienten.
De Richard Plember a säi Fuerschungsteam vun der Universitéit am US-Bundesstaat Georgia hunn e Mëttel fonnt, dat direkt no enger Infektioun wierkt. Bei Déiereversich mam antivirale Medikament MK-4482/EIDD-2801 - och Molnupiravir genannt - gouf eng Iwwerdroung mam Coronavirus an engem Zäitraum vu 24 Stonnen komplett ënnerdréckt. Eng Etüd gouf an der Fachzeitung “Nature Microbiology” publizéiert.
Molnupiravir war u sech als Mëttel géint d’Gripp entwéckelt ginn. De Wierkungsmechanismus ass dowéinst dee selwechte wéi beim géint de Sars-CoV-2 agesate Medikament Remdesivir. Et suergt dofir, dass d’Vire sech net multiplizéieren, andeems se mutéieren.
Net just, dass Molnupiravir - anescht wéi Remdesivir per Infusioun - oral ageholl gëtt, kann och e schwéiere Verlaf vu Covid-19 verhënnert ginn, sou de Plember. Dat neit Medikament kéint senger Ausso no och d’Dauer vun der Infektioun verkierzen.
De Richard Plember a seng Mataarbechter hunn de Wierkstoff un de Frettche getest, déi mat Näerze Famill sinn, well d’Verbreedung vum Sars-CoV-2 un den Déiere staark un d’Verbreedung vum Virus bei jonke Mënschen erënnert. A béide Fäll verbreet sech de Virus zwar séier, awer just seele mat engem schwéiere Verlaf vun der Krankheet.
Bei de Versich koum eraus: Infizéiert Déieren, déi mat Molnupiravir behandelt gi sinn, hu keng aner, gesond Déieren am Käfeg ugestach. Déi Frettchen, déi e Placebo kruten, hunn de Virus weiderginn.
Et gëtt allerdéngs Sécherheetsbedenken. Am Mee war bekannt ginn, dass de Wierkstoff Mutatioune beim Nowuess vun den domat behandelte Frettchen ausgeléist huet. Dat geet aus engem Bericht aus dem “Science"-Magasinn ervir. Engem Insider no waren nom Asaz vun engem änleche Medikament d’Nokomme vun de Versuchsdéieren ouni Zänn an ouni Deeler vum Kapp op d’Welt komm. Och aner Fuerscher hunn iwwer méiglech Risike gewarnt.
D’Entwéckler vum Wierkstoff hunn d’Virwërf zeréckgewisen. Bei de getesten Déiere wier keng Verännerung um Ierfgutt festgestallt ginn. Trotz den ernimmte Bedenke géifen an Tëscht e puer klinesch Etüde mat Molnupiravir lafen. De Pharmakonzern Merck ass bei senger Etüd schonn an de Phasen 2/3 mat iwwer 1.000 Testpersounen. Resultater gi sech fir d’nächst Joer erwaart.