
D’Suen, déi an den amerikanesche Walkampf gestach ginn, sinn enorm. Sou gëtt domat gerechent, dass d’Campagnë fir de Kongress an d’Präsidentschaftswalen zesumme méi ewéi 16 Milliarden Dollar wäerte kaschten. D’Kamala Harris eleng huet zanter dem Juli iwwer eng Milliard Dollar u Spende kritt.
E gudden Deel vun all deene Sue gëtt fir Reklammen um Radio, op der Televisioun an an den elektronesche Medien ausginn, inklusiv Sozial Medien a Streaming Plattformen. Den Niveau vun den Annoncen ass dobäi ganz déif, an déi meescht sinn negativ, dat heescht, si soen näischt Positives iwwert de Kandidat, deen se ënnerstëtze, mä nëmmen Negatives iwwert de Géigner
Etüden no huet déi Flut vu Walpropaganda nëmmen an dem Sënn en Afloss op d’Resultat, dass se vill Leit esou degoûtéiert, dass se guer net wiele ginn. Et gëtt och manner Televisioun gekuckt.
An de leschte Woche virun de Wale gëtt vill Porte à Porte gemaach vu Volontairen, déi deen een oder deen anere Kandidaten ënnerstëtzen. Walplakater ewéi zu Lëtzebuerg gëtt et a ville Géigenden hei net, mä dofir awer vill sougenannte “Yardsigns”. Dat si Kartongsschëlter, meeschtens manner wéi e Metercarré grouss, déi d’Leit an hire Virgäert opstelle, a mat deene si hier politesch Meenung ausdrécken.
De Sondagen no kann een net viraussoen wien d’Presidentschaftswale wäert gewannen. An de 7 Swingstates sinn d’Kamala Harris an den Donald Trump statistesch gesinn op gläicher Héicht, an dat scho méintelaang. Trotz deenen honnerte Millioune vun Dollar, déi déi zwou Walcampagne bis elo ausginn hunn, huet de Pendel sech kaum beweegt.
Ob ee sech op d’Sondage verloosse kann, ass souwisou esou eng Fro. Ee vläicht méi zouverlässegen Indicateur wieren d’Yardsigns - wéinstens enger Analys vum Wall Street Journal an der New York Times no. An där Analys no kéint et besonnesch am Arizona an am Wisconsin enk gi fir d’Kamala Harris. Viru 4 Joer hat den Joe Biden dës zwee Swingstates nach knapps gewonnen. Mä esouguer an där traditionell stramm demokratescher Haaptstad vum Wisconsin Madison, gesäit ee well méi Trump-Schëlter ewéi 2020.
A verschiddene Staaten hunn d’Walen iwwerdeems schonn ugefaangen. Ma en definitiivt Resultat wäert et
warscheinlech nach esoubal net ginn.