Am Nordoste vu SpuenienNo Äerdrutsch: 3 Biergaarbechter gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Am Nordoste vu Spuenien si Biergaarbechter no engem Accident an enger Minn ronn 900 Meter ënnert dem Buedem agespaart ginn.
© Envato / YouraPechkin

3 Persoune wieren ëm d’Liewe komm, mellt déi spuenesch Zeitung El Pais. Si ware beim Äerdrutsch de Moien agespaart a schwéier blesséiert ginn, heescht et vu lokale Medien. D’Rettungsdéngschter wieren op der Plaz, ma et wier immens schwiereg d’Leit aus der Minn erauszekréien. D’Ursaach vum Accident ass nach onkloer.

Back to Top
CIM LOGO