
La Crosse ass eng Stad mat ronn 55.000 Awunner a läit ganz am Weste vum US-Bundesstaat Wisconsin, engem vun de ganz ëmkämpfte Swing States, déi d’Wale matentscheeden dierften.
Zu La Crosse gëtt et och eng lokal Communautéit vu Lëtzebuerger - oder méi genee vun Nokomme vu Lëtzebuerger Awanderer, vun deene sech der eng Partie an de leschte Joren déi lëtzebuergesch Nationalitéit geséchert hunn. Net ouni Grond fleegt de Lënster Lycée enk Bezéiungen zu där Géigend a rezent koum och direkt e puer Mol e Schüleraustausch zustanen.
Zu der Communautéit vu Lëtzebuerger Amerikaner mat duebelem Pass gehéiert och d’Carolyn Bagniewski, bekennend Harris-Supporterin an och Anti-Trump-Aktivistin. E Méindeg de Mëtteg stoung si an der Schlaang, fir eragelooss ze ginn an dee Sall, an deem en Optrëtt vum Tim Walz virgesi war – fir dee jo quasi en Heemspill, well bis a “säi” Bundesstaat Minnesota ass et just e Kazesprong.
An d’Lag vu La Crosse schéngt strateegesch wierklech interessant ze sinn, well e Méindeg war och de republikanesche Pendant vum Walz, den JD Vance, zu La Crosse ënnerwee. Bis zum Schluss gëtt hei am “Swing State” ëm déi lescht Stëmme vun Nach-net-Decidéierte gekämpft: Si kënnen um Enn den Ënnerscheed maachen!
D’Decisioun vum Carolyn Bagniewski – an iwweregens och déi vun hirem Mann Jim – ass awer scho laang gefall: “Luxembourger for Harris/Walz” hat si op e Blat geschriwwen a sech dat e Méindeg op de Réck gespéngelt. Bannen am Sall huet se poséiert mam Demokrat Ron Kind, deen de Wisconsin laang am Kongress vertrueden huet. “WHEN we vote we win” stoung op enger Mauer am Hannergrond ze liesen.
D’Ried vum Vizepresidentschaftskandidat huet dem Carolyn Bagniewski ganz gutt gefall: “Walz was amazing. He was very motivational!”, huet si no sengem Optrëtt op Lëtzebuerg geschriwwen.
Den 18. Oktober war och ewell d’Kamala Harris zu La Crosse, deemools haten d’Bagniewskien et voller Freed bis ganz no vir an d’"Front Row” gepackt, fir “hir” Kandidatin ze ënnerstëtzen.


A wéi den Trump den 30. August zu La Crosse war, hu si demonstréiert: géint den Haass a géint d’Lige vum fréieren US-President. Eng ganz Partie Leit hate sech dofir versammelt, mee d’Schlaang fir op den Trump-Event war awer bei Wäitem méi grouss ...