Wéinst Krich an der UkrainNord Stream 2 gett op Äis geluecht

RTL Lëtzebuerg
Dës Decisioun ass éischter eng politesch wéi eng wirtschaftlech ma kéint awer op laang Siicht Repercussiounen op Däitschland an Europa hunn.

Europa huet mat Sanktioune géint Russland reagéiert, mä nach éier et zu der arméierter Ausernanersetzung koum, huet Däitschland eegen Schrëtt ageleet, fir en Zeechen ze setzen, an de Projet vun der Gaspipeline Nord Stream 2 op Äis ze leeën

Nord Stream 2 / Korrespondenz vum Claire Schmartz

Alles an allem awer sinn d’europäesch Sanktioune fir den Ament éischter schwaach. Vläicht, fir nach eppes an der Réckhand ze hunn, fir wann de Konflikt sech nach méi zouspëtze sollt. Mä vläicht weist sech heiranner och, wéi staark d’Repercussioune vun strenge Mesurë géint Russland fir Europa selwer wieren.

E Beispill dofir ass d’Gaspipeline Nord Stream 2, déi Däitschland en Dënschdeg schonn op Äis geluecht huet, als Reaktioun op d’Unerkennung vun Doneszk an Luhansk duerch de russeschen Präsident.

“Ich habe das Bundeswirtschaftsministerium heute gebeten, den bestehenden Bericht zur Analyse der Versorgungssicherheit bei der Bundesnetzagentur zurückzuziehen. Das klingt zwar technisch, ist aber der nötige verwaltungsrechtliche Schritt, damit jetzt keine Zertifizierung der Pipeline erfolgen kann”, sot de Bundeskanzler Scholz den Dënschdeg op enger Pressekonferenz.

Mä wat ass Nord Stream 2 genee, a wat fir eng Auswierkungen huet d’Suspensioun vum Projet, fir Russland, fir Däitschland an fir d’EU?

Nord Stream ass eng 1.200 Kilometer laang Gaspipeline queesch duerch d’Ostsee, déi Russland an Däitschland matenee verbënnt. Méi genee: déi Däitschland mat russeschem Gas versuergt. Si besteet aus zwou Haaptpipelines, Nord Stream 1 an Nord Stream 2. Wärend den éischten Deel schonn 2011 fäerdeg gebaut gouf an zanterhier Gas liwwert, gouf et mam 2. Deel Problemer, souwuel technescher wéi politescher. Nord Stream 2 ass zwar fäerdeg gebaut, mä huet bis elo nach kee Gas geliwwert.

An deem Sënn ass et keng wierklech Sanktioun vun däitscher Säit, Nord Stream 2 net a Betrib ze huelen, mä vill méi e politescht Zeechen. Dobäi hunn d’Merkel-Regierung an d’SPD ëmmer betount, dass et eng reng wirtschaftlech a keng politesch Entreprise wier.

Kritik koum dës Woch virun allem vun die Linke an Däitschland, déi drop hiweist, dass een, fir konsequent ze sinn, Nord Stream 1 vum Netz misst huelen, déi Pipeline, iwwert déi tatsächlech Gas geliwwert gëtt. Esou wier et just en Schreckschoss ouni tatsächlech Auswierkung, déi vrun allen d’Investisseuren an de Projet trëfft. An där gëtt et sech souwuel op russescher, wéi och op däitscher Säit.

Tatsächlech géinge konsequent Sanktioune géint den Energiesecteur Russland haart treffen. Well Russland generéiert 40% vun sengem Revenu iwwer Gas- an Uelegexporter.

Mä Europa ass och ofhängeg vun dëse Ressourcen. Däitschland bezitt carrement d’Hallschent vu sengem Gas aus Russland, an Nord Stream sollt u sech de Startpunkt sinn, vun deem aus Gas queesch duerch Europa an och an d’Benelux-Länner hätt kéinten exportéiert ginn.

Well de Besoin wäert europawäit an den nächste Joer nach klammen. Engem Rapport vun der däitscher Konrad-Adenauer-Stiftung no wäerten an den nächste Joren ca. 50% vun der europäescher Gasproduktioun agestallt ginn – wéinst aler Infrastruktur, wéinegen accessibele Reserven etc. Déi däitsch Ampel-Regierung hat versprach, dës Ressource bis 2030 ganz auslafen ze loossen an d’Land op alternativ Energiequellen ëmzestellen. Dat kéint elo vill méi séier wéi geplangt néideg ginn. Mä ewéi séier kann een de ganzen Energiesecteur ëmstellen an déi landeswäit Energieversuergung weider garantéieren?

Elo scho klëmmt den Pëtrolspräis a mat him d’Angscht, sech Energie net méi leeschten ze kënnen. An och wann ugesiichts vun de klammenden Energiepräisser an Däitschland schonn en klengen “Heizkostenzuschuss” decidéiert gouf, fir finanziell schwaach Stéit ze ënnerstëtzen, geet dat nach laang net duer, fir den tatsächleche Besoin vun der Bevëlkerung ze decken. De Wirtschaftsminister Robert Habeck vun de Gréngen huet ugekënnegt, dass e weidert Gesetz zur Ënnerstëtzung vun de Stéit noutwenneg kéint ginn. Schonn dëse Summer.

Wéi staark wieren d’Repercussiounen dann eréischt, wann tatsächlech eng Pipeline vum Netz geholl gi wier, duerch déi och Gas geliwwert gëtt?

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO