Serie US-Presidentiellen (3)Not all states are created equal oder "wat sinn eigentlech Swing States?"

RTL Lëtzebuerg
Bei den amerikanesche Presidentielle gëtt wuel an alle Bundesstaate gewielt, ma e puer Staate si fir d'Kandidate besonnesch wichteg.
E Walkampf-Evenement vun den Demokraten am Wisconsin
E Walkampf-Evenement vun den Demokraten am Wisconsin
© KAMIL KRZACZYNSKI AFP

Bis ewell hu mer gesinn, dass d’Wieler bei den amerikanesche Presidentiellen an hire Bundesstaate wiele ginn, an dass d’Wieler a verschiddene Bundesstaaten, proportional gesinn, e méi héijen Afloss op d’Wal vum amerikanesche President hunn, ewéi an d’Wieler an anere Staaten.

Am leschten Deel vun eiser Serie hu mir ausserdeem ugeschwat, dass verschidde Bundesstaate fest an der Hand vun den Demokraten an anerer fest an der Hand vun de Republikaner sinn. Dat huet eng Konsequenz, déi fir den Ausgang vun den US-Presidentielle vun zentraler Wichtegkeet ass: Wien amerikanesche President wëll ginn, muss an deene Staate wannen, an deenen de Gros vun de Wieler net vu vir eran decidéiert huet, fir wie vun de Kandidate si stëmmen.

Swing States erkennen

Dës Staaten, an deenen d’Wal esouwuel zu Gonschte vun den Demokraten, ewéi och vun de Republikaner kann ausgoen, bezeechent een als Swing States oder och nach Battleground States.

Bleift d’Fro, wéi een dës Staate kann identifizéieren an domat, wéi eng Staaten een an der Nuecht vum 5. op de 6. November besonnesch gutt muss am A behalen.

Generell ginn et zwou Aart a Weisen, fir Staaten ze identifizéieren, déi als Swing States a Fro kommen. Déi éischt ass et, op Staaten ze kucken, an deene bei de leschte Walen de Kandidat vun enger anerer Partei gewonnen huet, ewéi nach bei deene virleschten.

An dësem Fall bedeit dat, dass Staaten, déi 2016 vum Donald Trump an 2020 vum Joe Biden gewonne goufen, als Swing States gëllen. Dat gëllt ëmgedréint och fir Staaten, an deenen 2016 d’Hillary Clinton an 2020 den Donald Trump gewonnen huet. Wa mer dës Krittären applizéieren, komme fënnef Bundesstaaten als Swing States a Fro: Arizona, Georgia, Michigan, Pennsylvania, a Wisconsin. Dës Staate goufen 2016 vum Donald Trump an 2020 vum Joe Biden gewonnen.

Déi aner Method fir potenziell Swing States ze erkennen, ass ze kucken, a wéi enge Staaten d’Resultat bei de leschte Wale besonnesch enk war. Bei de Presidentiellen 2020 goufe 7 Bundesstaate mat engem Ënnerscheed vun 3 oder manner Prozentpunkte gewonnen. Nieft de fënnef Staaten, déi uewe scho genannt goufen, waren dat 2020 North Carolina an Nevada.

Déi 7 warscheinlech Swing States a wéi eng Sujeten an hinnen eng Roll Spillen:

De Gewënner kann och an anere Staate wiesselen

Bis ewell hu mer eis nëmme mat deene Staate beschäftegt, déi offensichtlech als Swing States a Fro kommen. Bei de leschten aacht Presidentiellen hu Kandidaten a Bundesstaate gewonnen, déi bei de Wale virdru vum Kandidat vun der anerer Partei gewonne goufen. 1992 war an dësem Zesummenhang e besonnescht wichtegt Joer. De Bill Clinton huet deemools a 26 Staate gewonnen, déi 1988 nach vum George H.W. Bush gewonne goufen. Staaten, déi virdrun iwwer Joerzéngte republikanesch gewielt hunn, ewéi Kalifornien, si bei dëse Walen op déi demokratesch Säit gewiesselt a si bis haut do bliwwen. De Gewënner kann also och a Staate wiesselen, déi d’formell Krittäre vun engem Swing State net erfëllen.

Donieft gëllt et Staaten am A ze behalen, bei deenen d’Marge vun der Victoire zwar bei de leschte Walen net besonnesch enk war, an deenen et awer an der Vergaangenheet méi dacks zu enke Resultater komm ass. A Florida zum Beispill huet den Ënnerscheed tëscht Gewënner a Verléierer bei fënnef vun de leschten aacht Wale manner ewéi dräi Prozentpunkten ausgemaach.

Schliisslech huet d’Vergaangenheet gewisen, dass et bei Walen, bei deenen den aktuelle President net méi kandidéiert tendenziell méi Staate ginn, an deenen de Gewënner wiesselt, ewéi bei Walen, an deenen ee vun de Kandidaten den aktuelle President ass.

Back to Top
CIM LOGO