
Den Uerder fir déi Nuklearforcen an “Alerte” ze setzen, goung un déi russesch Féierung vum Militär.
D’Situatioun spëtzt sech zou. De russesche President Wladimir Putin huet d’Nuklearforcë vu Russland an Alerte gesat.
Hie géing dat maachen, wéinst dem aggressive Verhale vun der NATO a wéinst den ekonomesche Sanktiounen. Dëst Handele vum russesche President ass natierlech ganz kloer als eng Menace un d’Nato an un d’Memberlänner ze verstoen.
D’Ukrain huet praktesch zäitgläich akzeptéiert, un der belarussescher Grenz, no bei Tschernobyl, mat enger russescher Delegatioun ze verhandelen. Dat huet de Büro vum Wolodymyr Selenskyj vum confirméiert.
Virdru gouf et wéi et heescht e Gespréich tëscht dem Wolodymyr Selenskyj an dem belarussesche President Alexander Lukaschenko.
D’Wäisst Haus huet op déi eventuell russesch Atom-Menace reagéiert.De Wladimir Putin géing hei op Menacë reagéieren, déi guer net existéiere géifen, sou reagéiert eng Spriecherin vu Washington.
Dat wier e Schema deen ee géing kennen a sou géing de Putin et justifiéieren, fir mat sengen Aggressioune weider ze fueren.
Ëmgedréit hätten d’NATO an d’Ukrain ni Menacen ausgeschwat. Mir wäerte resistéieren a mir hunn d’Capacitéiten eis ze verdeedegen, heescht et weider vu Washington.