
A Frankräich waren eleng e Samschdeg bal eng Millioun Mënschen op der Strooss fir géint déi geplangte Rentereform vun der Regierung ze streiken. D’Gewerkschaften dreeën elo domat dofir ze suergen, dass Frankräich de 7. Mäerz komplett steet. Déi nächst Demonstratioun soll awer schonn nächst Woch sinn.
D’Assemblée Nationale huet jo viru puer Deeg en éischt Kapitel ugeholl. Et ass den Ufank vun der Reform, mat där d’Regierung de Pensiounsalter bis 2030 vun elo 62 Joer op 64 well eropsetzen.
Et ass mat déi wichtegst Reform fir de Präsident Macron, mee hien huet grouss Deeler vun der Populatioun géint sech. An d’Gemidder schéngen sech nach sou bal net ze berouegen. Um Samschdeg war d’Nina Schagen sech e Bild zu Montpellier maachen. De Gros vun de Fransousen hunn op e Neits gewisen, wéi rose si iwwert d’Pläng vum Emmanuel Macron sinn. Zwee Drëttel vun der Populatioun hu sech an Ëmfroe géint d’Pensiounsreform ausgeschwat. Och hei zu Montpellier huelen d’Leit der Regierung net of, dass méi laang schaffe goen déi eenzeg Méiglechkeet ass, géint d’Lach an de Pensiounskeese virzegoen:
“C’est important d’être venu aujourd’hui pour essayer de défendre cela puisque déjà depuis plusieurs années on voit bien que la retraite est poussée petit à petit et alors on va se demander en final si on l’aura un jour.”
“Cela a été fait de manière honteuse. Le pouvoir des gens c’est de partir dans la rue et de dire on n’est pas d’accord et c’est la masse qui va faire basculer.”
Et misst een Alternativen envisagéieren.
“Il y a d’autres moyens de financer les systèmes de retraites en créant des taxes pour les plus riches. On fait comme s’il la seule solution serait de pousser l’âge encore et encore alors qu’au final il y a de l’argent autre part.”
“De toute façon il y a des rapports qui montrent que finalement on n’est pas trop loin de l’équilibre. Il y a moyen de plus taxer certaines grandes entreprises.”
Fir d’nächst Joer gëtt mat engem Minus vun 10 Milliarden an de Pensiounskeese gerechent. D’Pläng vun der Regierung gesi vir, de Pensiounsalter bis d’Joer 2030 progressiv vun 62 op 64 eropzesetzen. Vum Joer 2027 un misst een 43 Joer laang an d‘Pensiounskeess anzebezuelen, fir déi voll Pensioun ze kréien. Verschidde Leit weisen sech do awer och ganz verständnisvoll.
“Il ne faut pas exagérer, 64 ans c’est encore jeune. En plus, on vit beaucoup longtemps. Ce qu’il faudrait essayer surtout c’est d’habituer les gens à évoluer dans leurs professions, c’est-à-dire qu’à 55-60 ans on devrait leur faire comprendre qu’ils devraient continuer à travailler même sans faire ce qu’on a fait avant.”
Déi honnertdausende vu Mënschen, déi déi lescht Wochen iwwer bei de Manifestatioune matgemaach hunn, weisen awer, dass d’Majoritéit net domadder d’Accord ass.
Den Emmanuel Macron, dee no sengem zweete Mandat, wat a 4 Joer ausleeft, souwisou net méi untriede kann, weist sech bis ewell wéineg beandrockt dovunner. Mä a senger eegener Partei gëtt et Deputéiert, déi d’Reform kritesch gesinn. Ugewisen ass een och op d’Stëmme vun der Droite sou dass d’Premierministesch Elisabeth Borne lo probéiert de “Républicains” aner Zougeständnesser ze maachen, fir de Projet duerch d’Parlament ze kréien.