76. Dag Krich an der UkrainOdessa zanter e puer Deeg ënner Beschoss

Monica Camposeo
D'Lag an der Hafestad um Schwaarze Mier spëtzt sech militäresch an humanitär ëmmer weider zou.

“Den EU-Rotspresident Charles Michel huet mat sengen eegenen Ae gesinn, wat déi russesch Blockad vum Schwaarze Mier bedeit.” Dat sot den ukrainesche President Selenskyj an engem Video-Message. E Méindeg huet d’Visitt vum Charles Michel zu Odessa wéinst Rakéitenugrëffer missen ënnerbrach ginn. Hien huet do den Hafe besicht, wou d’Liwwerunge vu Käre wéinst der russescher Blockad vum Schwaarze Mier net viru kommen. D’Hafestad steet, wéi et schéngt, ëmmer méi ënner Beschoss.

Fir déi éischte Kéier zanter Joerzéngte gëtt et am Hafe vun Odessa kee normale Passage méi vu Frachtschëffer. A sengem Videomessage huet den ukrainesche President d’Präishausse an d’Hongersnout an afrikanesche Länner als direkt Konsequenz vun der Russescher Aggressioun bezeechent: “Dat heiten ass net nëmmen e Coup géint d’Ukrain. Ouni eis Exporter si schonn Dosende Länner an ënnerschiddlechen Deeler vun der Welt no un engem Manktem vu Liewensmëttel. A mat der Zäit kéint dës Situatioun wierklech schrecklech ginn.”

76. Dag Krich an der Ukrain / Rep. Monica Camposeo

Nëmmen zesumme kéint een deem entgéintwierken, esou nach de Selenskyj. Hien huet nach emol gefuerdert, duerch méi Drock vum Weste Russland ze zwéngen, de Krich ze stoppen. Zu Moskau huet de Putin e Méindeg schonn d’NATO-Erweiderung am Osten als Provokatioun bezeechent a widderholl, dass den Ugrëff op d’Ukrain dowéinst noutwenneg wier, fir säi Land ze schützen.

Dass d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen grad e Méindeg getwittert huet, d’Bäitrëttsdemande vun der Ukrain schonn am Juni wëllen ze préiwen, dierft fir Russland als weider Provokatioun gesi ginn. Dobäi kënnt, dass de schwedesche Verdeedegungsminister Peter Hultqvist sech en Dënschdeg fir en NATO-Bäitrëtt ausgeschwat huet. Dat géing d’Defense vun den nërdleche Staate stäerken, sot hien. Am Raum steet jo de Bäitrëtt vu Schweden a Finnland. Nach dës Woch wëllen déi zwee Länner eng Entscheedung treffen.

An der Nuecht huet Russland dann d’Attacken op Odessa verstäerkt. Dat kéint als méiglech Reaktioun op d’Annoncë vun der NATO an der EU gewäert ginn. Déi lokal Militärféierung sot, dass 7 Rakéiten d’Stad getraff hätten, an zwar wäit vu militäreschen Infrastrukture fort, wéi d’Pressespriecherin Natalia Humeniuk géintiwwer der Noriichtenagence Reuters präziséiert huet: “Leider ginn et Doudesaffer an zwou Persounen am Lager goufe blesséiert. Dräi Sécherheetsbeamten, déi am Shoppingzenter geschafft hunn, sinn och verwonnt ginn. Si all hu keng all ze schlëmm Blessuren a goufen an d’Spidol bruecht, fir do kënnen behandelt ze ginn.”

Aus dem Oste vun der Ukrain gi weider hefteg Kämpf gemellt. An der ëmkämpfter Stad Mariupol ass d’Stolwierk nach ëmmer ënner Beschoss vun der russescher Loftwaff. Dës Informatioune goufe vun ukrainescher Säit matgedeelt a konnte bis ewell net onofhängeg iwwerpréift ginn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO