Wichteges aus de leschte Stonnen - UPDATEOnduerchsichteg Situatioun an der Ukrain

RTL Lëtzebuerg
All déi wichtegst Entwécklunge vum Samschdeg den Owend, der Nuecht op e Sonndeg an e Sonndeg de Moien zesummegefaasst.
© AFP (Archiv)

Situatioun um Sonndeg an der Mëttesstonn

Oniwwersiichtlech Situatioun

Déi russesch Offensiv an der Ukrain geet weider. Ënner anerem gëtt et Ausenanersetzunge ronderëm d’Haaptstad Kiew an ëm déi zweetgréisst Stad Charkiw. D’Situatioun bleift awer total oniwwersiichtlech.

Vu Kiew heescht et, datt de Feind net sou séier weiderkéim, wéi e gemengt hat. D’Stad Charkiw géif op alle Fall vun der Ukrain kontrolléiert ginn. Russesch Truppen hätte schwéier Verloschter ze bekloen. Méi wéi 4.000 Zaldote wieren ëmkomm, mellt Kiew. Dës Aussoe sinn allerdéngs schwéier ze iwwerpréiwen.

Moskau kritt Krichsverbrieche reprochéiert

Déi ukrainesch Regierung reprochéiert Moskau Krichsverbriechen. Och Ziviliste wieren am Viséier vum russesche Militär. Russland weist dës Virwërf zeréck. Kiew huet den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag kontaktéiert a verlaangt, datt Moskau opgefuerdert gëtt, fir d’Attack ze stoppen.

Russesch Delegatioun waart fir Verhandlungen

De Wladimir Putin verurteelt d’ukrainesch Regierung, well se d’Offer fir Negociatiounen net géing acceptéieren. Eng russesch Delegatioun wier am wäissrussesche Gomel prett, fir ze verhandelen.

Iwwer 370.000 Leit op der Flucht

Der UNO no sinn zënter dem Ufank vun der Attack 370.000 Mënschen aus der Ukrain geflücht, déi meescht dovunner a Richtung Polen.

Situatioun um Sonndeg de Moien

Russland ass och hënt mat sengen Attacke géint d’Ukrain weidergefuer, stéisst awer och weider op heftege Widderstand. Onerwaart heftege Widderstand, wéi et den amerikanesche Verdeedegungsministère formuléiert. Dem Petagon no hätt een Indicen, datt d’Russen ëmmer méi frustréiert wieren, well se an de leschte 24 Stonnen, besonnesch am Norden net virun géife kommen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläertSanktioune géint Russland nees verschäerft

Westlech Staate verschäerfen iwwerdeems hir Sanktiounen, fir Russland wirtschaftlech ze schueden. Nodeems ënnert anerem Däitschland nach op EU-Niveau blockéiert hat, hunn d’USA, Frankräich, Kanada, Groussbritannien an d’EU-Kommissioun decidéiert, russesch Banken elo awer aus dem internationale Bezuelsystem Swift auszeschléissen. Et geet konkret ëm déi Banken, déi elo scho sanktionéiert goufen.

Och géint d’russesch Zentralbank a russesch Oligarche solle Strofmesurë kommen. Zil ass et, fir der Zentralbank hir Méiglechkeet ze limitéieren, international Geschäfter ze maachen, a fir ze verhënneren, datt Russland seng staatlech Récklage benotzt, fir de Krich ze finanzéieren. Et wéilt een et dem Wladimir Putin mat all deene Moyene méi schwéier maachen, säi Krich ze finanzéieren, sou d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Si huet och betount de Wladimir Putin géif net nëmmen d’Ukrain mä och d’Zukunft vu sengem eegene Land zerstéieren.

Extrait Ursula von der Leyen

China ass nach ëmmer net bereet, Sanktioune géint Moskau z’ënnerstëtzen.

D’europäesch Ausseministere kommen e Sonndeg den Owend scho fir en digitale extraordinäre Conseil zesummen. Do virdru beroden d’Inneministeren iwwert d’Verdeelung vun den ukrainesche Flüchtlingen.

Och bei de Waffeliwwerungen fir d’Ukrain gëtt et en Ëmdenken zu Berlin. D’Regierung huet e Samschdeg decidéiert, 1.000 Panzerofwierwaffen a 500 Buedem-Loft-Rakéiten an d’Ukrain ze schécken, obwuel si sech méintelaang dogéint gestrieft hat. Den ukraineschen Ambassadeur zu Berlin huet déi 180-Grad-Kéier explizitt als “historesche Schrëtt” gelueft. De Kanzler Olaf Scholz mécht e Sonndeg de Moien eng Deklaratioun am Bundestag. Och d’Belsch, Holland, Tschechien a Frankräich hu Kiew Krichsmaterial versprach.

All weider Informatiounen an eisem LivetickerKämpf um Flughäfen a Stied

E Sonndeg de Moien fréi goufen aus der Ukrain ënnert anerem Affrontementer ëm e Fluchhafen an enger Banlieue vu Kiew gemellt. Russesch Unitéite géifen nach ëmmer probéieren, de Fluchhafen Vasilkovo ënnert hir Kontroll ze bréngen. Eng Informatioun, déi awer net onofhängeg bis elo confirméiert ass.

Confirméiert ass bis elo och net, wéi vill Mënschen bis elo gestuerwe sinn oder blesséiert goufen. Moskau huet bis elo guer keng Afferzuele genannt. Iwwerdeems behaapt d’Ukrain, et hätt een 2.500 russesch Zaldoten ëmbruecht an der 200 festgeholl an datt 137 ukrainesch Zaldoten hiert d’Liewe gelooss hätten. 198 Ziviliste wiere ëmkomm a méi wéi 1.100 Leit blesséiert ginn.

Vill Bierger a Biergerinnen, déi bis elo d’Land net verloosse konnten oder wollten, hunn d’Nuecht op en neits a Schutzstrukture verbruecht. Ënnert anerem am Metro zu Kiew bréngen d’Leit sech a Sécherheet. Bis e Méindeg de Moie gëllt eng Ausgangsspär.

An der Géigend vun der Stad Wassylkiw, net wäit ewech vu Kiew, huet eng Rakéit wéi et ausgesäit e Pëtrolsdepot getraff an e risegt Feier ausgeléist. Donieft wier och eng Gaspipeline zu Charkow am Oste getraff ginn.

Déi russesch Arméi huet eegenen Aussoen no zwou grouss Stied am Süde komplett agekreest.

Polen huet iwwer honnertdausend Flüchtlingen opgeholl

Polen huet zanter dem Ufank vun der Invasioun en Donneschdeg de Moien 115.000 Flüchtlingen aus der Ukrain opgeholl. Polen huet bis elo déi meescht Leit empfaangen. Et sinn der awer och a Moldawien a Rumänie fortgelaf. Zéngdausende weiderer sinn an der Ukrain selwer op der Flucht. D’Vereenten Natioune gi vu knapp 300.000 Leit aus, déi scho verdriwwe goufen. An de leschte Deeg ware vill Stroosse wéinst dem ville Mouvement blockéiert. Déi amerikanesch UNO-Ambassadeurin Linda Thomas-Greenfield warnt, et kéint sech ëm eng vun de gréisste Flüchtlingskrise vun der Géigewaart handelen.

Roman Abramovitsch gëtt Leedung vum FC Chelsea op

De russeschen Oligarch a Proprietär vum Fussballveräin Chelsea Roman Abramovitsch huet wéinst dem Krich an der Ukrain d’Leedung vum Club ofginn, un eng Fondatioun vum Veräin an am beschten Interessi vun Chelsea. De Geschäftsmann Abramovitsch riskéiert, op déi international Sanktiounslëscht gesat ze ginn. D’Verméige vum Oligarch, deem Chelsea zanter bal 20 Joer gehéiert, gëtt op iwwer 14 Milliarden Dollar geschat.

G7-Staate kommen zesummen

D’Ausseministere vun de G7-Staate beroden e Sonndeg och op enger virtueller Drénglechkeetssëtzung. Dat huet de japaneschen Ausseminister annoncéiert. Et wéilt een d’Kooperatioun mat de Partner vun de 7 gréissten Industrienatioune vun der Welt op en Neits confirméieren, fir d’Situatioun ze verbesseren, heescht et. Déi russesch Invasioun wier “en eesäitege Versuch de Status quo mat Gewalt z’änneren” an “absolut inakzeptabel”.

Loftraum gespaart

Verschidden europäesch Länner, besonnesch aus Osteuropa ma och Däitschland, hunn hire Loftraum fir russesch Fligere gespaart. Moskau späert dowéinst säi Loftraum och fir baltesch a slowenesch Maschinnen. Oder brittesch Fligeren dierfen net méi iwwer Russland fléien. well déi russesch Aeroflot net méi zu London landen dierf.

Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D’Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO