Temporär Reegel mat LëtzebuergOnlimitéierten Télétravail och fir däitsch Frontalieren an Aussiicht gestallt

RTL Lëtzebuerg
Däitsch Frontalieren wäerte wärend der Corona-Kkris kënnen vun doheem aus schaffen, ouni datt se da mussen an Däitschland Steiere bezuelen.

D’Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz Malou Dreyer sot dem Trierischer Volksfreund si hätt gréng Luucht kritt vum Bundesfinanzminister, fir eng temporär Reegel mat Lëtzebuerg z’ënnerschreiwen.

Normalerweis däerfe Frontalieren nëmmen eng bestëmmten Zuel un Deeg – fir Däitschland ass dat 19 – schaffen. Déi Deeg Télétravail, déi iwwert déi Limitt eraus ginn, ginn dann an deem Land besteiert, wou de Salarié wunnt.

Lëtzebuerg hat scho Accorde mat der Belsch a Frankräich iwwert den Télétravail vu Frontaliere fonnt.

Den OGBL begréisst dës Reegelung, kritiséiert awer, dass et méi laang gedauert hätt, wéi beim Accord mat der Belsch a Frankräich.

PDF: Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO