
Mat weiderhin héijen Infektiounschifferen an Däitschland fuerderen d’Spideeler, dass een net wéi geplangt fir d’Feierdeeg méi large soll gi mat de Restriktiounen. D’Kanzlerin Angela Merkel ass fir méi strikt Mesuren.
A Frankräich gesäit et ëmmer manner duerno aus, wéi wann déi aktuell Corona-Restriktioune fir d’Feierdeeg kéinten opgehuewe ginn. Aktuell läit d’Zuel vun den Neiinfektioune bei ronn 10.000 den Dag.
De President Emmanuel Macron hat dofir d’Konditioun vu maximal 5.000 Nei-Infektiounen den Dag um Stéchdag vum 15. Dezember festgeluecht. Aktuell läit d’Zuel vun den Nei-Infektioune bei ronn 10.000 den Dag.
De Seuil vu 5.000 war festgeluecht ginn, well dee Moment d’Kontakter vun infizéierte Persounen effikass kënne retracéiert ginn. Eng weider Konditioun fir d’Restriktioune viru Chrëschtdag kënnen opzehiewen ass, dass manner wéi 3.000 Leit op der Intensivstatioun leien.