Hei ginn dem Trump no Kazen an Hënn giessOp Besuch an der Stad Springfield am Bundesstaat Ohio

Petz Bartz
Am September, an der eenzeger Televisiounsdebatt iwwerhaapt tëschent Harris an Trump, goung op eemol rieds iwwert Stad.
Hei solle Kazen an Hënn giess ginn: Op Besuch an der Stad Springfield am Ohio
Et war eng vun den eegenaartege Geschichte ronderëm d’Walen an den USA, déi sech wéi e Feier duerch d’sozial Medie gespreet huet.

Et war eng vun den eegenaartege Geschichte ronderëm d’Walen an den USA, déi sech wéi e Feier duerch d’sozial Medie gespreet huet an et weist d’Roll, déi TikTok a Facebook ënnert anerem an dësem Volleksentscheed spillen.

Springfield, Ohio, ass eng typesch amerikanesch Klengstad. Am konservative Viruert Clark County gouf viru 4 Joer zu iwwer 60% Trump gewielt. D’Nächsteléift vun der Kierch do bezitt sech awer méi op de Schutz vun ongebuerenem Liewen, wéi op dat vun de Migranten aus Haiti, déi virgeworf kruten Hënn a Kazen z’iessen.

Israel-Fils Guirand, Immigrant vun Haiti: “Wéi hien dat gesot hat, soten all déi Wäiss: „Jo! Jo! Jo!“ Si sinn erausgefuer tuten. Si soten d’Communautéit misst fort. Si wéilte keng Haitianer hei. Et war wierklech schockant!”

An engem kreolesche Restaurant zu Springfield si weder Hënn nach Kazen um Menü. D‘Plaz ass gutt besicht, och vu wäissen Amerikaner, deenen hir Stëmme mat der rassistescher Ausso iwwert déi sozial Medien an duerno an der Televisiounsdebatt jo wuel sollte gewonne ginn.

Daniel Sériphin, Immigrant vun Haiti: “Zanter dem éischte Mandat vum Trump hat en d’Vollek vun Haiti ni gär. Generell hunn d’Republikaner d’Immigrante net gär. Dat schockéiert mech net wierklech, well et ass säi Stil.”

Megan, eng Awunnerin vu Yellow Springs, Ohio: “Wat ech net verstinn, ass, dass den JD Vance eise Senateur ass. Firwat mécht en näischt, wann e mengt, dass et e Problem gëtt. Mee allem Uschäin no gëtt et kee Problem.”

Susan: “Ech hunn et lächerlech fonnt, wéi ech et héieren hunn. Et spléckt just weider onst Land. Et ass den amerikaneschen Dram, dass mer Leit ophuele vu baussen an Diversitéit an Entreprise schafen.”

John; Awunner vu Yellow Springs, Ohio: “En Dënschdeg wäert en sech wierklech misse verantworten. Ech hoffen an erwaarden e richtegen Ënnergank fir hien. D’Leit sinn es midd gespléckt ze ginn, deene permanente Frechheeten an deem Wansinn.”

Back to Top
CIM LOGO