
Et wier awer schwiereg, sech ëm d’Verwonnten ze këmmeren, well et u medezinescher Ausrëschtung feelt. Wien hannert der Attack zu Omdurman stécht, ass bis elo net gewosst. Am Biergerkrichsland ginn et ëmmer nees schro Kämpf tëscht der Arméi vum Land an der RSF-Miliz. Dëse Konflikt, deen am Abrëll 2023 richteg ugefaangen huet, eskaléiert ëmmer méi. Hëllefsorganisatiounen no si an där Zäit schonn zéngdausende Mënschen ëm d’Liewe komm, well béid Säiten ëmmer nees Wunngebidder géife beschéissen.
Omdurman steet gréisstendeels ënnert der Kontroll vun der Arméi, iwwerdeems d’RSF-Miliz Deeler vun der Haapstad Khartum kontrolléiert.