
Mat 57 respektiv 25 Doudesaffer goufen North Carolina an Georiga besonnesch schwéier vum Stuerm getraff.
D’Gestioun vun de Schied, déi de Stuerm verursaacht huet, gëtt elo zu engem Sujet am Walkampf. Esou huet de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump e Méindeg d’Gemeng Valdosta an Georgia besicht, an där d’Schied besonnesch grouss sinn.
Hei huet hien de Leit versprach, dofir ze suergen, dass si Hëllefsmaterial kréichen, virun allem Pëtrol a Material fir d’Waasserversuergung. Ausserdeem huet hien annoncéiert, dass hien den Elon Musk wéilt bieden, d’Regioun iwwert säi Star-Link-System mat Internet-Reseau ze versuergen.
Der Regierung vum Joe Biden huet hie reprochéiert, net séier genuch op d’Besoine vun de Leit, déi vum Stuerm getraff goufen, ze reagéieren an esouguer, d’Hëllef fir Géigenden, an deene vill republikanesch Wieler liewen, express zeréckzehalen. A Richtung vun der demokratescher Presidentschaftskandidatin an aktueller Vizepresidentin Kamala Harris war et d’Kritik, dass si sech nëmmen ëm hiren eegen Walkampf géif këmmeren, amplaz dofir ze suergen, dass déi néideg Hëllef bei de betraffene Leit ukéim.
Den aktuellen US-President weist dës Reprochen zeréck. Den Donald Trump géif léien a sech irresponsabel verhalen. Iwwerdeems huet den Joe Biden annoncéiert, dass hien e Mëttwoch an North Carolina géif reesen. An de vergaangenen Deeg hat hie gesot, dass hien net an eng betraffe Regioun wäert reesen, wa seng Rees d’Rettungsaarbechte géife behënneren. D’Kamala Harris huet annoncéiert, dass si eng Partie Walkampf-Rendez-vousen ofgesot hätt, fir e Méindeg un enger Krisereunioun deelzehuelen. Ausserdeem wéilt si deemnächst ee vun den impaktéierte Bundesstaate besichen.
Georiga an North Carolina si sougenannte Swing States a wäerten domat bei de Presidentiellen am November eng besonnesch wichteg Roll spillen.