An der Gazasträif sinn dem Zivilschutz vun der Hamas no op d'mannst 20 Leit ëm d'Liewe komm, wéi en Appartementshaus an de Koup gefall ass. Dosende weider Leit géinge vermësst ginn. D'Gebai iwwer sechs Etagen, dat an der Vergaangenheet duerch israeelesch Attacke beschiedegt gi wier, wier an der Nuecht am Quartier Viertel Tal al-Hawa an der Stad Gaza zesummegefall.
Ënnert den Doudege wieren och fënnef Kanner. Vum Gebai ass just nach e grousse Koup Stécker iwwereg, an deem Secouristen no Iwwerliewende sichen.
De Spriecher vum Zivilschutz sot, datt d'Gebai duerch viregt israeelesch Attacke strukturell Schied kritt hätt. 2024 an 2025 wier et e puer Mol getraff ginn an d'Awunner wiere gewarnt ginn, net zréck dohin ze goen.
Si hätten awer "keen anere Choix" gehat. "Well et weder Zelter nach Wunnenge gëtt, liewe si trotz der Gefor a rëssegen, beschiedegte Gebaier." Déi grouss Majoritéit vun de Gebaier an der Gazasträif ass der UNO no wärend dem Krich duerch israeelesch Attacke beschiedegt oder zerstéiert ginn.
D'Rettungsaarbechte wieren amgaangen. D'Secouristen hätten awer nëmme "limitéiert Ekipement an einfacht Geschier, well déi israeelesch Besatzung d'Liwwerung vun den néidege schwéiere Maschinnen an Apparater an d'Gazasträif verhënnert".
Den humanitäre Koordinator vun den UN, dee fir déi besat palästinensesch Gebidder zoustänneg ass, huet sech "schockéiert" iwwer dat déidlecht Ongléck gewisen. "Déi haiteg Tragedie verdäitlecht déi uerg Riske fir Familljen, déi an esou Gebaier liewen, an den dréngende Besoin fir sécher Alternativen", esou de Ramis Alakbarow. "Kee sollt säi Liewe riskéiere mussen, nëmme fir eng sécher Plaz ze fannen."