Éischte Fall an Holland36 Migrante vu Schlauchboot gerett, zwee presuméiert Schleiser festgeholl

AFP, iwwersat vun RTL
Virun der hollännescher Küst war de Motor vun engem Schlauchboot mat 36 Migranten u Bord ausgefall. Et ass déi éischt Kéier, datt déi hollännesch Garde-côtes Flüchtlinge musse retten.
Déi hollännesch Garde-côtes.
Déi hollännesch Garde-côtes.
© Frans Berkelaar

Dat gouf et nach ni. Virun der hollännescher Küst hu Secouriste 36 Migrante gerett, déi mat engem Schlauchboot ënnerwee waren. De Spriecher vun der Police sot, et wier déi éischte Kéier, datt een an Holland Leit mat engem Flüchtlingsboot géif gesinn an et wéisst een och nach net vu wou et géif kommen. D'Leit goufe just virun der Küst vu Breskens am Südweste vun Holland gerett.

De Porte-parole vun der Police sot, d’Boot wier an enger ganz geféierlecher Situatioun gewiescht, nodeems de Motor ausgefall war.

U Bord vum Boot waren 38 Mënschen, 36 soe si wieren aus Afghanistan, déi zwee aner behaapten aus dem Sudan ze sinn. Si goufen direkt festgeholl, well si ënnert dem Verdacht stinn Schleiser ze sinn.

D'Schlauchboot ass elo mol zu Cadzand an déi 36 Leit aus Afghanistan goufe medezinesch betreit a koumen dono an eng Struktur fir Flüchtlingen.

Back to Top
CIM LOGO