UgandaOp d'mannst 42 Schüler bei Branduschlag op Lycée ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Attack op e Lycée am Südweste vum Uganda goufen op d'mannst 42 Jonker ëmbruecht, 15 weider Kanner goufen entfouert.
© AFP/Archives/Sébastien KITSA MUSAYI

Beim Ugrëff vun Dschihadisten ass een Dortoir a Brand gesat ginn. “Bis ewell si 25 Läichen an der Schoul fonnt an an ee Spidol zu Bwera bruecht ginn”, huet e Spriecher vun der Police iwwer d’"Terroristenattack” gesot, déi an der Nuecht op e Samschdeg geschitt ass. Dës Zuel gouf am Laf vum Dag op op d’mannst 42 eropgesat.

Aacht Schüler wiere schwéier blesséiert ginn, eng ganz Rei ginn der awer och nach vermësst. Eng 15 Kanner sollen entféiert gi sinn. D’Ugräifer hu sech a Richtung vum Virunga Nationalpark fortgemaach, deen un der Grenz tëscht dem Uganda an dem Kongo läit.

Den UNO Generalsekretär Guterres huet déi déidlech Attack schaarf verurteelt. D’Responsabel vun dëser schrecklecher Dot misste viru Geriicht kommen an déi entféiert Kanner direkt fräi gelooss ginn.

D‘Autoritéite mengen, dass d‘Rebelle-Miliz vun den Allied Democratic Forces (ADF) aus dem Nopeschland Kongo dohannert stiechen. Dës hunn Relatioune mat der zentralafrikanescher Versioun vun der islamistescher Terrormiliz IS.

Back to Top
CIM LOGO